Carte Blanche vum Robert Weber"Den letzten beissen die Hunde"

De fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierte Robert Weber schwätzt iwwert d’Muecht vun de Banken an d’Onmuecht vun der Politik.

Zanter dem Ufank vun der internationaler Finanzkris am Joer 2008 ass Muenches a Bewegung geroden. Di weltwäit Kris ass géigegesteiert ginn mat staatlechen Ënnerstëtzungsprogrammen. Milliarde vun Gelder sinn aus der ëffentlecher Hand an d'Banke gefloss. Awer och fir di Realwirtschaft si milliardeschwéier Investitiounsprogrammer lancéiert ginn. Fir dass all dat vill Geld net d’Inflatioun unheizt huet d’Europäesch Zentralbank - EZB – eng ganz Partie Moossnamen ergraff, dorënner och eng Niddreg-Zens Politik.

Carte Blanche vum Robert Weber

Domat stellt virun allem di Realwirtschaft kräfteg incitéiert ginn, fir real Investitiounen ze lancéieren an domat och Aarbechtsplazen ze schafen. Esouguer den neien EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass mat engem milliardeschwéieren Investitiounsprogramm gestart.

Nach haut sinn d’Folge vun der internationaler Finanzkris net ganz iwwerwonnen. Et sinn awer och am Laf vun de Joren Noriichten opgetaucht, déi méi transparent gemaach hunn, wat an der internationaler Finanzwelt esou alles gedriwwe gouf. Banken hunn illegal Ofsprooche praktizéiert, illegal Geschäfter gemaach, Verspekuléiert, Cliente bedruch, Steierhannerzéiung am grousse Stil praktizéiert, avm. Esou huet z.B. déi Däitsch Bank wéinst Hypothekenbedruch an den USA méi wéi 7 Milliarden Dollar Strof misste bezuelen. Dës Bank wär och matschëlleg un dem Ausléiser vun der internationaler Finanzkris. Awer si steet net eleng do.

Hutt dir héieren, ob dowéinst jeemools een an de Prisong komm ass?

Nach haut erweise sech d’Kontrollen an der Finanzwelt als inefficace. Dat Ganzt ass aus dem Rudder geroden a keen traut sech, hei d’Fangeren ze verbrennen.

D’Politik huet opginn. Och verstinn d’Politiker dat ganzt Gebären an der Finanzwelt net méi, an déi di et verstinn, dat sinn d’Lobbyiste vun den Finanzjongleuren.

Virun 2 Joer hunn d’Bankieren ugefaangen, ze kräischen.

Et gouf du Zäit, fir eng nei Strategie ze lancéieren. Nodeems an deene Joren zanter 2009 lues awer regelméisseg un de Kommisiounsgeschäfter gefréckelt gouf, ass d’Zäit elo komm, fir en neien Zäitalter anzelauden.

Salop a kuerz ausgedréckt: Zäit vun de Servicer an der Kontoféierung, déi näischt kaschten ass eriwwer!

D'Geldophiewe kascht, alles wat net online gemaach gëtt, kascht, esouguer d'Geldplazéiere kascht an um Spuerbuch gëtt et souwisou näischt.

Di kostenlos Mentalitéit ass eriwwer, verkënnegen d’Bankieren!

Dobäi gouf et dës kostenlos Mentalitéit an de Banke souwisou ni!

Ech liesen, dass de Wettbewerb ënnert de Banken ganz haart ass. Ech liesen awer och, dass wann et ëm Käschtenerhéijung fir de Client geet, dann sangen d’Bankieen aus engem Mond di schéinsten Arien.

D’Politik vun der EZB gëtt also vun den Banken géigegesteiert op Käschten vum Bierger. Der EZB hir Politik ass vun hinnen ni richteg akzeptéiert ginn. A wat si net wëllen dat muss ewech!

Si leeë sech awer elo méi clever un: D’Gebüre fir de Client ginn drasteg eropgesat, di Null-Käschten-Mentalitéit ass eriwwer, an d’Zënse ginn deemnächst souwisou erop.

Di Niddreg-Zens Politik geet hirem Enn zou!

An wat seet d’Politik, wat soen d’Ministeren, den zoustännege Finanzminister, den zoustännege Konsumentenminister …………. Näischt!

Ech fannen dem Konsumenteschutz seng Campagne géint dësen Unfug richteg.

Ech hoffen, dass dir dës Campagne all ënnerstëtzt!



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.