Commentaire vum Roy GrotzGemengewahle kënne gemeng sinn

Se si prett: eng ronn 3.500 voll motivéiert Kandidaten an den 105 Gemengen am Land, déi sech drëms beméien, op kommunalen Niveau matzechwätzen. De Chefredakter Roy Grotz fënnt et impressionnant, datt sech sou vill Leit, fir deen Job wëllen hierginn.

Dobäi ass "Job" e bësse vill gesot, well wie schonn emol an enger vun de Majorzgemenge politesch Responsabilitéit iwwerholl huet, dee weess, wéi vill Eraliesen, Juristesch-Texter-Verstoen an Openeen-Zougoen et bedeit, wann ee säi Mandat als Gemengeconseiller a Schäffen wëll eescht huelen a mat Liewen erfëllen. Wann an de gréisseren Gemengen d'Parteipolitik spillt an engem d'Zentralen aus der Stad zur Säit sti beim Verschaffe vun technesch-schwieregen Dossieren, sou ass d'Situatioun an de klengen Gemengen anescht an et ass een dacks just eleng op sech gestallt.

Vill vun de Kandidate bleiwen den 8. Oktober op der Streck, eng Partie dovunner sinn esouguer frou, datt se net mussen am Gemengerot sëtzen a sech mat Reglementer, Autorisatiounen a PAPe geheien - net ze schwätzen vu leidegen Demandë vum Staat, fir och nach Hebergementer fir Demandeurs d'Asile ze schafen. Si goufe matgeholl op d'Lëschten, fir se vollzemaachen - esou trieden op verschiddene Lëschte ganz Famillje fir hir Faarwen un. Ëmmer nees beléift a groussen Gemengen och bekannt Geschäftsleit, Ex-Sportler an Trainer, engagéiert Benevoller wéi Secouristen a Pompjeeën an. Et soll kee soen, datt sech den 3. Alter net méi z'engagéiere weess. Vill Pensionnairen, déi hiert Wësse wëllen am Conseil zum Droe kréien.

Den 8. Oktober huet e Charakter vun nationalem Test fir den Dag vun der Wourecht fir d'Dräierkoalitioun, och wa sech d'national Spëtzekandidaten natierlech net béiden Exercicë stellen. Interessant do awer zum Beispill d'Positioun vun enger Viviane Reding, déi allen leschten Informatiounen no vun der CSV am Zentrum matgeholl gëtt. Esou kuckt all Partei hir Mandatairen ze placéieren, sief et kommunal oder national, well all Stëmm zielt, besonnesch natierlech d'nächst Joer, wann et fir verschidde Faarwekonstellatioune kéint enk ginn. Dat weess och d'Oppositioun a kuckt sech duerfir elo am Oktober, esou gutt wéi méiglech ze presentéieren an ze placéieren!

A ville Sektioune goufen et awer uerg Problemer iwwerhaapt emol eng Lëscht beieneenzekréien. Et war bis zur leschter Minutt e Freide, wou bei de Piraten, mä och anere Faarwen alles dru gesat gouf, fir dass et nach zu engem Depot kënnt. En Tour an d'Loft kënnen d'Leit zu Wanseler, Bech a Feelen um Wahlsonndeg maachen; hei brauch net gewielt ze sinn, well d'Kandidaten et per se schonn sinn.

Bis dohinner ginn nach vill Gadgete verdeelt an Affichen nei gepecht - frot hannert dësen Objeten d'Kandidaten awer och no hirem Programm fir d'Gemeng. Ob se wierklech mat Häerz a Séil derhannert stinn, ob se mengen, datt hir Politik wierkt, ob se fir haut a muer agéieren oder ob se och konkret hir Gemengen liewen - frot no! Nach ass Zäit.

Mir maachen et och. Zum Beispill de Mëtteg zu Hesper an duerno an 6 aneren Gemengen. Maach Iech Äert Bild a wielt Perspektiven ... dat si mer eise Gemengen schëlleg.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.