Apropos vum Daniel NepgenInspiratioun

Wat suergt dofir, dass mir am Liewen e bestëmmte Wee wielen? Den Daniel Nepgen huet virun e puer Wochen eppes erbléckst, dat hien nodenklech gemaach huet.

Apropos: Inspiratioun


Stockholm, Summer 2017. Ech stinn am ABBA-Musée a si scho bal ganz duerch gaangen, faszinéiert vun der Manéier, wéi d'Geschicht vun der Band an hir Philosophie hei mat Léift zum Detail presentéiert gëtt. Et ass eng interaktiv Erfarung. Kuerz virun der Sortie, eng banal Plackett un der Mauer op där steet, dass ABBA bis haut iwwer 375 Milliounen Albume verkaf hunn. Net Singlen, mä LPen.

375 Millioune Placken. Et kann een déi Zuel am Kapp net faassen. Oder begräifen, wéi vill Mënschen op der Welt si mat hire Kläng frou gemaach a positiv beaflosst hunn. Ech erënnere mech dee Moment direkt un den Ufank vun der Expo, wou op enger anerer Plackett steet, dass de Benny an de Björn sech Mëtt der 60er Jore kennegeléiert hunn, wéi si mat hiren deemolege respektive Gruppen op där selwechter Plaz en Optrëtt haten. Si souzen duerno stonnelaang beienee fir iwwer hir Léift zu der Musek vun de Beatles ze schwätzen. Dat ware fir si déi grouss Idoler déi hinne kloer gemaach hunn, dass och si als Songwriter no de Stäre kéinte gräifen.

Ouni d'Beatles wier et ABBA net ginn. An ouni ABBA wier de Max Martin haut zum Beispill net de meescht-gefrote Produzent um Planéit. Hien huet an den 90er Joren de Sound vu Boybands wéi de Backstreet Boys kreéiert an ass haut vu Katy Perry bis Taylor Swift den Hausproduzent vun de ganz grousse Staren. Wéi hien d'lescht Joer a senger Heemecht de Polar Music Prize krut, huet hien ABBA a senger Ried als eng vun de ganz groussen Inspiratiounen ervirgehuewen. D'Affinitéit fir d'Melodie, fir dat populäert Element an der Musek, krut hien als Joergang 1971 virun allem vun ABBA. All déi jonk Leit, déi haut Musek aus den Hitparade lauschteren, also och déi vum Max Martin, sinn e weidert Glidd an där Ketten an droen d'Aflëss mat weider. Déi Kette geet a béid Richtungen. Well och d'Beatles soen, ouni den Chuck Berry wier et si net ginn. Eent vum Chuck Berry sengen Idoler war den Nat King Cole, e Mann aus dem Jazz. An esou weider ...

Wéi ech aus dem ABBA-Musée erauskommen, ginn ech d'Gefill net lass, dass eis iergendwéi alles an deem beaflosst, wat mir maachen. All Dag. Oder fir et an de Wierder vum Papp vun der moderner Chimie Antoine Lavoisier ze soen: "Rien ne se perd, rien ne se crée, tout se transforme.". Et ass eng onendlech Verkettung vun Afloss an Inspiratioun. Eigentlech e gudde Grond, fir dat bescht vu sech selwer no baussen ze kéieren an d'Welt positiv unzestralen. Well et fält ëmmer iergendwéi, iergendwou op fruchtbare Buedem.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.