Commentaire vum Dany RasquéKapp am Sand

De Kapp an de Sand stiechen a waarde bis de Stuerm erlaanscht ass, ass alles mä keng couragéiert Decisioun – zu där Conclusioun kënnt d'Dany Rasqué a sengem Commentaire.

Wann een e puer Deeg, ier ee seng Lëscht fir d'Gemengewahlen deposéiert, drop higewise gëtt, datt do eng Persoun drop ass, déi mat Aussoen am Internet zum Haass oprifft, erwaarden ech mer vun all Partei, déi géint Rassismus a Friemenhaass ass, datt se direkt reagéiert an déi Persoun vun der Lescht erofhëlt.

D'ADR huet dat -wéi mer an Tëschenzäit wëssen- net gemaach, obschonn se nach masseg Zäit dofir gehat hätt.

Si krut nämlech schonn den 29. August e Bréif geschéckt, an deem déi ganz Exekutiv vun der Partei driwwer informéiert gouf, wat eng vun hire Kandidatinnen esou vu sech gëtt.

Soe mer mol dee Bréif wier eréischt Owes spéit fort gaang, dann hätt en trotzdem Donneschdes den 31. August misste bei der Partei ukommen.

Den éischten Dag, wou een d'Lëscht bei der Presidentin vum Haaptwahlbüro konnt deposéieren, war dënschdes de 5. September ëm 15 Auer Mëttes.

Op wat wëll ech eraus?

Ganz einfach, d'ADR hätt op d'mannst nach 5 ganzer Deeg gehat, fir hir Lëscht z'änneren – si hätt se souguer och einfach méi spéit kënnen deposéieren, leschte Rendez-vous war schliisslech eréischt den 8 September.

An awer huet se net gehandelt.

Se huet eng Persoun op hirer Lëscht gelooss, déi ëffentlech behaapt huet, datt all Moslem en Terrorist ass.

Wéi kann een nëmmen?

Mécht een dat, well déi Persoun dat seet, wat d'Partei eigentlech denkt? Oder hat d'Partei iere scho Problemer, fir hir Lëscht voll ze kréien an huet déi lescht Plaze beim Intefëschen op der Fouer verspillt?

De Roy Reding huet am RTL Interview direkt e puer Mol betount, datt ee bei Kandidaten oder bei neie Membere keng Inquisitioun wéilt bedreiwen, mä dorëms geet et hei guer net.

Et soll een neie Memberen oder Kandidaten och net de Geheimdéngscht op den Hals hetzen, mä wann een an därselwechter Sektioun ass a souguer an der selwechter Gemeng lieft, dann huet ee jo awer bestëmmt scho mol méi dacks matenee geschwat an dobäi dierft ee jo dann och erausfannen, wéi d'Parteikollegen ticken.

Virun zwee Deeg huet de Roy Reding mer an engem Telefonsgespréich gesot, dat wier eben alles net sou einfach, wéi ech mer dat géif virstellen.

Allerdéngs wann een, esou wéi d'ADR, als Partei der Meenung ass, datt een am Stand ass, fir mat an d'Regierungsboot ze klammen, da muss een dach och esou Problemer wéi deen heite geléist kréien.

Ech kéint mer nämlech virstellen, datt een an enger Regierung nach ganz aner Krisen a vill méi kuerzer Zäit muss meeschteren.

Ma wann ee schonn an enger Fro verseet, wou d'Situatioun esou kloer ass, ewéi hei, dann huet ee vläicht besser, et léiert ee schwammen, ier een an dat Boot klëmmt – oder et léisst een et einfach ganz sinn an et sicht ee sech eng aner Beschäftegung.

Dat huet d'Madame Kies jo an Tëschenzäit och gemaach. Soss maacht et einfach wéi si.

Sech aus der Politik zeréckzezéien, quitte datt se lo net méi vun der Lëscht ka geholl ginn, war déi bescht Decisioun, déi d'Fra jee an hirem Liewe geholl huet.

Politiker mat esou enger Astellung, ginn nämlech definitiv keng gebraucht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.