Carte Blanche vum Marc GlesenerWielerwëllen

A senger "Carte blanche" vun haut beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist mat dem Wielerwëllen an dem Wëllen vum Wieler, viru Wahlen ze wëssen, wat Parteien no de Wahle wëlle maachen.

D'Carte Blanche vum Marc Glesener



Dräi Wochen sinn zanter dem 8. Oktober vergaangen. An an den meeschte Gemengen ass mëttlerweil gewosst, wien an den nächste sechs Joer dat politescht Soen wäert hunn. Domat ass dann dat an d’Realitéit ëmgesat ginn, wat d’Wieler entscheet hunn.

An domat wiere mer bei deem ominéisen Wielerwëllen.

Dëse Begrëff ass an de leschte Wochen uerg iwwerstrapazéiert ginn an huet esouguer den Inneminister dozou bruecht, eng Initiative z'iwwerhuelen. Hie wëll eng Zort iwwergräifende Konsens tëscht de Parteien, fir dem Respekt vum Wielerwëllen eng legal Basis ze ginn. Wat e Quatsch!

Eise System, esou wéi mer e kennen, virun allem an de Proporzgemengen, ass een, an deem Parteien eng gewëssen Zuel Prozenter an och Sëtz kréien. Dann ass et un hinnen, Majoritéiten ze bilden. Hei mussen d’Parteien an hir Gewielte Verantwortung iwwerhuelen an eng Majoritéit bilden. D’Wahlresultat ass gläich de Wielerwëllen, dat ass nu emol esou. An dat ass ok esou. Dat een allerdéngs bei der Interpretatioun vum Wielerwëllen am beschten huet, sech als Net-Gewënner un d’Ausso vum Wieler ze halen, dofir gëtt et genuch Beispiller.

Nu misst d’Politik en général, ier si iwwer nei Reegelen schwätzt, vläicht emol doriwwer nodenken, wéi et mat dem Panachéiere steet a firwat esouvill Leit Persounen, respektiv Kandidate queesch duerch de politesche Gaart wielen. Dëst absolut persounebezunnent an typesch Lëtzebuerger Wiele steet an absoluter Kontradiktioun mat dem Bekennen zu politeschen Inhalter. Wann op engem Stëmmziedel vu Rout, iwwer Blo bis Schwaarz a Gréng panachéiert gëtt, ass dëst keng inhaltlech Ausso. Wat war de Wëlle vun esou engem Wieler? Wéi ass dësen z'interpretéieren?

Nu plädéieren ech net onbedéngt fir en Ofschafe vun der Méiglechkeet vum Panachéieren. Dat esou vill panachéiert gëtt, hänkt vläicht och domat zesummen, dat d’Ënnerscheeder tëscht de Parteien ëmmer méi flou ginn an net richteg méi wouergeholl ginn. Dëst wier eng Reflexioun an de Parteizentralen wäert. Froen nom eegene Profil an der Differenzéierung zu de Matkonkurrente sinn duerchaus ubruecht. Gi si richteg beäntwert géife Wahlen a Wahlkämpf bestëmmt méi interessant ginn.

Ier een de Wielerwëllen interpretéiere kann, muss gewielt ginn. An do virdrun wëllt de Wieler wëssen, firwat Parteie stinn a wat se no de Wahle maache wëllen. An da muss och nach dat gemaach ginn, wat virdru gesot gouf.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.