Carte Blanche vum Jean HussPestiziden a Politik: eng ongesond Mëschung

A senger Carte Blanche warnt de Jean Huss, Ex-Deputéierten a President vun AKUT, virun de groussen Ëmwelt- a Gesondheetsrisike vu Pestiziden an denoncéiert déi politesch Responsabilitéiten.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

A Saache Liewensqualitéit an den ëmmer méi grousse Risike fir eis Ëmwelt a Gesondheet, si mer an de vergaangenen zwou bis dräi Wochen op en Neits mat enger Rei vun alarmanten Noriichten a Fakte konfrontéiert ginn.

Datt mer dëst Joer elo scho fir d’zweet gewarnt hu misse ginn, net am Stauséi ze schwammen an och keng Fësch dorausser z’iessen, wéinst gëftege Blo-Algen. D'Resultat vu joerzéngtelaanger Iwwerdüngung vun eisen Agrarflächen an enger grad esou laanger CSV-Agrarpolitik, dat ass scho bedenklech.

Mee nach vill méi alarmant ass dat, wat sech zu Bréissel schonn zanter Woche ronderëm de Glyphosat am Roundup, dem gëftegen Herbizid vu Monsanto, ofspillt. Während Ëmweltschützer an onofhängeg Wëssenschaftler a Medeziner weltwäit, an esouguer den IARC, dat offiziellt Forschungsinstitut vun der Weltgesondheetsorganisatioun, viru wahrscheinleche Kriibsrisiken an anere Gesondheetsgefore warnen an endlech en direkte Verbuet vum Glyphosat fuerderen, versicht dem Här Juncker seng EU-Kommissioun, versichen och déi dominant politesch Fraktiounen am EU-Parlament, virun allem sougenannt Chrëschtdemokraten, Chrëschtlech-sozialer a Konservativer, de Glyphosat am Interêt vun de Profitinteresse vu Monsanto a Bayer nach 5 bis 7 Joer um Marché ze loossen, mat alle previsibelen Ëmwelt- a Sanitärekonsequenzen.

Et ass bekannt a wëssenschaftlech unerkannt, datt de Gros vun de weltwäit agesate Pestiziden toxesch si fir Mënsch an Natur, a beim Mënsch och a klengsten Dosen als Kriibs-, Hormon- oder Nervegëfter wierken, an dat schonn am Bauch vun der Mamm a virun allem bei Puppelcher a Kanner.

Dës Pestizid-Gëfter fënnt een an der Tëschenzäit iwwerall: an der Loft, am Reewaasser, am Buedem an an de Planzen an a villem, wat mer all Dag iessen. Eng intensiv an industrialiséiert Landwirtschaft an Europa ass ouni Zweiwel d’Haaptursaach vun dëser nefaster Entwécklung.

Virun e puer Deeg ass elo och bekannt ginn, duerch eng nei wëssenschaftlech Etude an der renomméierter Wëssenschaftszäitschrëft Plos One, datt Pestiziden, virun allem d’Kategorie vun den Neonikotinoiden, responsabel wiere fir en dramatescht Ausstierwe vu Beien, Bommelen, Päiperleken, anere Besteuberinsekten oder och vu Villercherszorten. An der Moyenne wieren hir Populatiounen an de leschten 30 Joer ëm iwwer 79% an der EU zeréckgaangen. Och dat mat de previsibelen dramatesche Konsequenzen.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, sidd där net och mat mär der Meenung, datt elo endlech an definitiv misst Schluss gemaach gi mat där aktueller konservativer, reng industrieorientéierter EU-Agrarpolitik, déi all eis Liewensgrondlagen op d’Spill setzt a gläichzäiteg den europäesche Bauere keng wierklech sozial an economesch Iwwerliewensperspektive méi bidd? Positiv Alternative leien zanter Joren um Dësch.

Et huet geschwat, de Jean Huss, Ex-Deputéierte vun déi gréng a President vun AKUT-



 

 



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.