Apropos vum Camille NeyMir schwätze Lëtzebuergesh

Dass eis Sprooch heiansdo net esou einfach ze schreiwen ass, dat wësse mer! Wann d'Schreifweis awer a grousse Publicitéits-Iwwerschrëfte mat Féiss getrëppelt gëtt, dann huet de Camille Ney esou seng Problemer domat...

Gëschter an haut stoungen a sti mir op eise Griewer an heiansdo kann ee sech d’Fro stellen op eis Lëtzebuergesch Sprooch net och geschwënn um Kierfecht läit. Net nëmmen, dass mir Lëtzebuerger manner Kanner maachen, wéi eis international Matbierger. Den demografeschen Zouwuess ass déi läscht Joren jo däitlech zu Gonschte vun aneren Nationalitéiten, déi zum gréissten Deel eis Sprooch net schwätzen. Deen Trend stoppe mir net méi an dat ass jo dann och zum Deel eis eege Schold.

A ville Marketingdepartementer a Publicitéitsagencen spruddelt et dann och logescherweis nëmmen esou vu Leit vun no a vu wäit, déi eng immens kreativ Oder hunn, awer gréisser Defiziter an eiser Sprooch a wéi’s de se richteg schreifs. Mee si froen och keen! Vu Spellchecker oder LOD hu se wuel och nach näischt héieren!


Op der Home & Living Expo ass mir dat zum Beispill nees bewosst ginn. Do steet dann a grousse Buschtawen: Mir schwätze Lëtzebuergesh, English, Deutsch, Français, Nederlands, Español, Italiano – alles richteg geschriw, ausser Lëtzebuergesh, mat sh hannen! De fréiere Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, deem säin Numm den Immobilie-Projet dréit, fir deen se Publicitéit maachen, géif sech am Graf ëmdréinen, wa seng Sprooch an indirekt och seng Stad esou vernannt gëtt.


Am Kader vun der Ouverture vun engem gréisseren Akafszenter am Süde vum Land steet dann a roude Buschtawe grouss un der Mauer: “Nach e shéinen Dag a bis geschwënn” – schéin mat sh aplaz sch. Déi hunn domat och dee roude Vull ofgeschoss, deen driwwer hänkt! An da freet een sech: déi, déi esou Feeler grouss un d’Mauer hänken oder pechen hu jo wuel vun Tuten a Blose keng Anung vun eiser Sprooch, kréien awer secher gutt Geld fir déi kreativ Schrëftzich, a loossen sech och net beroden!

A wat vläicht nach schlëmmer ass: dat bleift dann och nach wéi am Beispill vun der Foire ganzer 9 Deeg hänken, ouni dass een et fir wichteg hält, et ze änneren – ech hoffe jo alt, dass et soss nach engem opgefall ass!

Fréier hu mer eis iwwer Feeler op enger chinesescher Menüskaart opgereegt, mee wann de Garçon dann duerch seng Schlitzan gelaacht huet, war dee Feeler schonn erëm vergiess. Haut kënnt eis eege Sprooch eis dacks chinesesch vir…
02/11/2017 Apropos: Mir schwätze Lëtzebuergesh


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.