Carte Blanche vum Georges HellinghausenStierwen – an dono?

Allerséilen an Allerhellgen ginn iwwerall am Land d’Leit op d’Kierfechter. Hir Verstuerwen, Doud a Stierwe ginn en Thema, och d’Fro vum „Dono“. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Zwar sinn déi Fester eréischt am Mëttelalter agefouert ginn, mä si verbannen eis, vun der Saach hir, mat der Zäit vun der Antik. Bei griicheschen a réimesche Grafinschrëfte stécht an d’A, wéi staark d’Fro „An dann?“ intrigéiert huet. En etlech schweigen iwwert e Jenseits, anerer si ganz gespréicheg. D’Weltbiller waren deemools, esou wéi haut, ënnerschiddlech. Munch antik Inscriptiounen ootmen nëmme Wehmut a Resignatioun, fir si gëtt et keen „Dono“. Anerer si voll Vertrauen a gleewen un eng Zort „Äther“, wou déi onbeleifte Séil sech géing nom Doud erhiewen. Um Ufank sinn och heednesch Formuléierunge vu Chrëschten iwwerholl ginn, déi awer hir Symboler dobäigesat hunn: eng Dauf, e Fësch, en Anker oder de Christusmonogramm.

Ass dat net wéi e Spigelbild vun eiser Gesellschaft? Den antike Pluralismus, e Virleefer vun eisem heitegen? Wéi wann 2000 Joer näischt passéiert wier... Et gouf an der Antik, wat Doud a Jenseits ugeet, grad esouvill Skepsis an Zweiwel wéi Hoffnung a Glawen, chrëschtlechen an aneren. Woubäi de Grondtoun vum chrëschtlechen, deemools ewéi haut, ass: dass et eppes duerno gëtt, e Liewe bei Gott an der Éiwegkeet; mä awer och, dass et tëscht dem ierdeschen an dem éiwege Liewen eng Zäsur gëtt, eng gewalteg, substanziell Transformatioun. Dës radikal Verwandlung, dës Metamorphos gëtt bezeechent als „Operstehung“ – och wann déi haut gesellschaftlech tabu ass a gär als „Bondieuserie“ ofgedu gëtt. Gi mer awer dervun aus, mam Doud giff de Riddo definitiv falen, condamnéiere mer eis selwer zu engem Liewen an der Bedeitungslosegkeet. Well da musse mer eis domat offannen, dass et an d’Blannt eraleeft. Firwat also net déi zweet Méiglechkeet an d’A faassen, nämlech dass d’Liewen net am éiwegen Näischt ennegt?

De Voltaire, deen net am Verdacht stoung iwwerméisseg kathoulesch ze sinn, hat emol zur Operstehungsfro eng intressant Äntwert ginn. Do hat an enger nobeler franséischer Gesellschaft eng Dame sech mokkéiert, wéi et iwwerhaapt méiglech wier, dass Leit un esou eppes Fabuléises wéi eng Operstehung gleewe kéinten. Hei widdersprécht de Voltaire: „Pardon, Madame, d’Operstehung ass dat Einfachst vun der Welt. Deen, deen de Mënsch eemol geschaf huet, kann en och nach eng Kéier schafen!“ Anescht gesot: Operstehung als den Eclatement vun engem neien, onvergängleche Liewen, als nei Schëpfung! Wa mer schonn hei sinn – mer misste jo net hei sinn, wisou si mer eigentlech hei? –, dann ass jo net vu vireran auszeschléissen, datt mer och nach eng weider Kéier, wann och ganz anescht, kënnen do sinn a bestoen. Oder?

 

Georges Hellinghausen



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.