Apropos vum Daniel NepgenFir ëmmer an éiweg

Muer ass den Dag op deem ganz speziell un déi Mënsche geduecht gëtt, déi eis verlooss hunn. Mä duerch den Internet gi mir u sech permanent mat Erënnerunge konfrontéiert. Den Daniel Nepgen mat enger Zuel, déi Froen opwerft.

31/10/2017 Apropos: Fir ëmmer an éiweg


All Minutt stierwe weltwäit dräi Persounen, déi eng Säit op Facebook hunn. Hir Profille ginn duerno dacks vu Famill a Frënn a posthum Gedenkstätten um Netz ëmfunktionéiert; dofir gëtt et eng extra Funktioun. Déi Verstuerwen tauchen dann net méi bei Recherchen no Personnagen op, déi Profille kënnen och keng nei Frënn akzeptéieren, mä hir geposte Saache bleiwen um Profil an d'Frënn kënne Messagen, Fotoen a Videoen hannerloossen. Dacks bleiwe Profillen awer och einfach inaktiv, vläicht well keen aneren d'Passwuert fir d'Säit huet, well kee Bescheed weess oder well d'Demarche Aarbecht kascht. Facebook verlaangt Dokumenter vu Familljemembere fir den Dout ze bestätegen.

Et gëtt domat gerechent, dass Facebook an e puer Joer méi verstuerwe Leit als User a sengem Reseau huet wéi lieweger. Aus dem soziale Netzwierk gëtt e risegen digitale Kierfecht. An dat bréngt Problemer mat sech. Verloosse Profille gi vum System net onbedéngt als verstuerwe Useren erkannt. Sou kann et virkommen, dass een duerch automatiséiert Funktiounen ob eemol vun enger Persoun, déi net méi do ass, eng Invitatioun fir en Online-Spill kritt. "Candy Crush" postmortem. Dat ass makaber. Oder et gëtt een un e Gebuertsdag erënnert an opgefuerdert e léiwe Message op d'Wall vun engem Mënsch ze setzen, deen d'Gléckwënsch guer net méi entgéingt huele kann. Facebook geet eventuell an eng Wonn wullen, déi grad um Punkt war ze heelen.

An da gëtt et och nach d'Fro vun der Perspektiv. De soziale Reseau gëtt eis schonn am Normalfall e verzerrte Bléck op d'Realitéit. Usere weise sech am léifste vun hirer Schockelassäit. Nëmmen Héichten, keng Déiften an der Welt, wou jiddereen "Friend" mateneen ass. Ass et de richtege Wee, déi Verstuerwen op déi selwecht Manéier vu vir bis hannen ze glorifizéieren? An dat nach Méint duerno? Wéini kënnt de Punkt, wou een ofschléissen a säi Fridde mat der Situatioun maache kann, ganz individuell? Et gëtt sécher Situatiounen, an deenen de Feedback an d'Ënnerstëtzung vun der Online-Communautéit den Hannerloossenen hëlleft iwwer hire Verloscht ewech ze kommen. Mä soubal ee säin "News Feed" opmécht, huet een et net méi selwer an der Hand. Et ass een dem Algorithmus vum soziale Reseau ausgeliwwert.

Et dréint een am Krees vun digitale Kondolenzen, déi schlussendlech de selwechten Effekt hu wéi e "Like" bei engem x-beliebege Post. Wee weess schonn, wéi eng Eescht gemengt sinn a wéi eng just reflexarteg getippt goufen, fir dozou ze gehéieren? Genee wéi Gebuertsdagswënsch déi just komme, well Facebook déi ganz Leit an der "Friends"-Lëscht drun erënnert huet. Mir mussen den Ëmgang domat wahrscheinlech nach léieren. Grad am Moment vu Verloscht ersetzt awer näischt den direkte mënschleche Kontakt, och net wa mir de ganzen Dag op eisen Handy glotzen. A virum "war" kënnt jo den "ass". Och am digitale Medienzäitalter huet ee besser engem Mënsch zu Liefzäiten ze soen, wéi vill hien engem bedeit. Dee Concernéierte kritt nämlech näischt méi dovu mat, wann e bis fort ass. Och net wann een dausend "Likes" dofir kritt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.