Apropos vum Marie GalesKino

Laang hat d'Marie Gales sech gefreet fir an de Kino ze goen an de Film ''Blade Runner 2049'' ze kucken, ma gouf batter enttäuscht.

© rtl.lu
Apropos Kino


Net vum Film, ech kennen d'Geschicht, a sinn och do ganz dran a begeeschtert! Ma wéi ech dunn do souz am Kinépolis um Belval hu sech bemol eng Hellewull vu Froen a mengem Kapp iwwerschloen, déi elo guer näischt mam Film ze dinn haten. Mä: Firwat muss een eng Tut mat Gummiskamellen ëmmer nees zoudréinen, wann ee grad eng erausgeholl huet? Firwat kann déi Tut net opbleiwen? Amplaz se 90 mol op- an zouzemaachen an dann déi 90 aner Kamellen erauszefëschen?!
De Kino war net voll, ma de Kaméidi vun deene puer ass duergaange fir dass ech déi éischt 45 Minutten domadder beschäftegt war net aus der Haut ze fueren; ech hunn den Ufank doduerch carrément net méi an Erënnerung!

Ouni dass ech hätt penetrant missten dohinner kucken, wat ech natierlech gemaach hunn a wat keen interesséiert huet, hunn ech erroden wat dee Mann an eiser Rei, duerch de Gang getrennt, giess huet während dem ganze Film.
Fir d'éischt waren et Nachos! Jo ,déi kann een net ouni Geräisch aus der Kartongskëscht huelen! Firwat och, ech iessen jo d'Nachos, wat interesséiert mech en aneren!? Duerno huet en dunn eng ganz Tut Chips gejickt, Salz oder Paprika kann ech Iech net soen, mä Chipstuten dreiwen engem de Bols an d'Lut, déi maachen deen allerschlëmmste Kaméidi. Duerno koum nach eng Tut Gummiskamellen, den Dessert a Prost gouf zu gudder lescht nach eng Bécks opgemaach!
De Film dauert laang, do kinnt ee jo mol am Kino erhéngeren! Gutt, dass een dofir Proviant fir déi vill Stonne kafen a mathuelen kann. Jo, ass et iwwerhaapt nach méiglech e Kinofilm ze kucken ouni ze iessen? Kino ouni eppes ze iessen???? Dat kléngt wéi Science-Fiction, nee wat soen ech, wéi en Horrorfilm!!!!

Ech weess, ech änneren d'Kinoskultur mat Popcorn, Cola, Chips a wat weess ech mat dësen Zeile sécher net méi! Mä erënnere mech nach un Zäiten, an dat ass nach net éiweg hier, wéi een am Kino no der Pub an de Kinostraileren just Friskoe ze kafe krut. Am beschten och just een, méi wieren der soss geschmolt!
Fréiers war net alles besser, ma et war méi roueg am Kino.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.