Carte Blanche vum Georges HellinghausenKleeschen a co. - Chapeau

Viru gutt 8 Deeg ass de Kleesche komm..., an elo waarde mer op d’Chrëschtkëndchen. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen



Déi däischter Joreszäit gëtt méi hell gemaach an d’Fester vun Enn des Joer verschéinert doduerch, dass d’Leit an eise Breetegrade sech eppes schenken. Gesi mer emol of vun där gewalteger Commerce-Well, déi hannert all deem stécht, a féiere mer d’Iddi an d’Praxis selwer op hiren eigentleche Kär zréck. Da stousse mer op eppes Déifmënschleches, wéi et ganz wiesentlech dem Uleies vun Advent a Chrëschtdag entgéintkënnt: nämlech sech géigesäiteg beschenken. A schenke bedeit jo, mat engem Kaddo e Stéck vu sech selwer ginn.

Dat materialiséiert sech, oder besser gesot „personifizéiert“ sech a bestëmmte "Gebergestalten", déi an där Zäit am Mëttelpunkt stinn a souzesoen den Inbegrëff vum Schenke ginn.

Bei eis kënnt all Joer, de 6. Dezember, de Kleeschen. T’ass jo schonn intressant, dass eng Hellegegestalt aus der Geschicht, déi wäit ewech an der Tierkei viru 1700 Joer gelieft huet, heizulands esou an de Brauchtum an an d’lieweg Traditioune vum Land agaangen ass. Bis haut bréngt hien en dezenten Hauch vu Reliéisem och an déi säkulariséiert Welt eran.
Säi Verméigen hat den Nikolaus, Bëschof vu Myra, deenen Aarmen iwwerlooss. Dat huet wuel zum Brauchtum gefouert, dass hien déi aner, besonnesch déi Kleng, räich beschenkt. Dass bei äis de Kleesche kënnt, hänkt mat der direkter Noperschaft zur Lorraine zesummen. Well do, zu Saint-Nicolas-de-Port, am Mëttelalter eng Fangerreliquie vum Hellegen hikomm ass, gëtt hien do bis op den heitegen Dag staark veréiert, an dat straalt zënter jeehier an all Himmelsrichtungen, bis op Lëtzebuerg.

Op anere Plaze bréngt op Chrëschtdag selwer d’Chrëschtkëndchen d’Kaddoen. An Amerika an a protestantesche Géigenden ass et de Weihnachtsmann. An Italien kënnt de 6. Januar, op Dräikinneksdag, och nach nom griichesche Wuert « Epiphanie » genannt, d’Befana! D’Befana ass eng Zort gutt Fee, déi de braven italienesche Kanner hir Chrëschtkaddoen bréngt. Kulturhistoresch intressant, wéi hei Relioun, Legend, Mäerchen matenee verschmëlzen zu enger ganz eegener, awer sympathescher Traditioun.

Ob Kleeschen, Chrëschtkëndchen, Weihnachtsmann, Befana... si all sti fir d’Iddi an d’Praxis vum Schenken an last not least – inhaltlech wéi entstehungsgeschichtlech – och fir dat Zentraalt vum reliéise Message vu Chrëschtdag a vun der Chrëschtzäit: nämlech dass Gott selwer sech als Kaddo, als de Kaddo par excellence, de Mënschen offréiert.

Georges Hellinghausen



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.