Carte Blanche vum Francis SchartzMoral an Ethik

Behënnert d’Moral d’Entwécklung vun der Mënschheet oder muss eng nei Ethik d’Basis vun enger Politik sinn, déi d’Zukunft vun den nächste Generatioune séchert?

“Ouni Moral wiere mer scho méi wäit”, sot des Lescht ee Lëtzebuerger Politiker.
Wat gelift?

Ouni Moral géinge mir eis nach haut an den Heele mat Keulen d’Käpp aschloen an ee geuerdent Zesummeliewen wier net méiglech. Den aktuellen Terrorismus weist eis nach ze gutt wat geschitt, wann déi moralesch Grondprinzipien ewechfalen.

Mä wourëm geet et?

Dachs gëtt “Moral” definéiert als den Ensembel vu Verhalensreegelen, déi fir deen Eenzelen, fir eng Grupp oder eng Kultur ugeholl sinn. Beim Eenzelen kënne mer vu Gewëssen schwätzen, bei ganze Gesellschaften gëtt Moral mat Ethik gläichgesat.
Am Prinzip baséiert d’Moral op Wäerter, déi vun der betreffender Persoun oder der Gesellschaft akzeptéiert sinn. D’Moral oder d’Ethik kënne vu Kultur zu Kultur verschidde sinn, an entwéckele sech mat der Zäit an déi eng oder déi aner Richtung. Fréier war bei eis d’Relioun d’moralesch Instanz déi gesot huet, wat richteg a wat falsch wier. Dat ass a bestëmmte Kulturkreesser och haut  nach de Fall.

An enger Demokratie reegelen d’Verfassung an d’Gesetzer d’Zesummeliewen. Si baséieren op allgemeng akzeptéierten ethesche Grondprinzipien. Well ”wat moralesch falsch ass kann net politesch richteg sinn”  wéi schonn am 19. Joerhonnert de britesche Politiker William Gladstone sot.

Eng Partie vun deene Grondprinzipien, wéi de Respekt vum Liewen, hunn eng allgemeng Gëltegkeet. Doraus ergi sech da Konventiounen, wéi zum Beispill d’Universal Mënscherechter.
Mä genau sou wéi et onmoralesch ass Mënsche vun haut an Aarmut ze loossen, sou ass et och onmoralesch sou ze liewen, datt deenen nächste Generatioun hir Zukunft a Gefor geréit.
D’Agenda 2030 mat hire 17 Ziler fir eng nohalteg Entwécklung, déi am September 2015 vun de Memberlänner vun der UNO ënnerschriwwen gouf, gesäit Handlungsreegelung  fir d’Weltgemeinschaft,  fir d’Länner a fir all Eenzele fir, a kënnt als Basis fir eng nei universal Ethik gëllen.
Eng reng kapitalistescher Ekonomie wëllt sech awer net vu Moral oder Ethik agrenze loossen. Si huet als eenzegt Zil d’Vergréissere vum Gewënn an zitt een onbegrenzte Wuesstem mat sech.

Den neie Bericht vum Club of Rome weist awer däitlech, datt net ee grenzelose Wuessen an Ausbeute vun der Natur, mä nëmmen eng universal Ethik, déi op Suffizienz, Respekt vum Liewen a Verantwortung  fir déi nächst Generatioune berout, d’Zukunft vun der Mënschheet séchert.

Also wiere mer ouni Moral bestëmmt net aus dem Schneider!

Carte Blanche vum Françis Schartz (02.01.2018)

*Pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.