Apropos vum Camille NeyOp den Hond kommen!

Et gëtt jo dat Spréchwuert: « Du kënns op den Hond » ! Ouni elo hei wëllen Alain Atten ze spillen, esou ass dat awer fir deen, dee gemengt ass, kee Kompliment. Firwat eigentlech ? Mat där Fro huet sech de Camille Ney beschäftegt…

03/01/2018 Apropos: Op den Hond kommen


Eisen heescht Flitzi, et ass eng Havaneser-Madame vu 6 Joer, an ass ëmmer gutt drop! Wann een heem kënnt, da geet de Schwanz hin an hier vu Begeeschterung an en huet eng Schank oder eng Strëmp an der Schnëss, am Léifsten eng knaschteg! Dat huet mir keng Rou gelooss an ech hunn emol gegoogelt firwat en dat mécht? Eng gebrauchte Strëmp ass fir den Hond eng richteg Delikatess! Heifir ginn et 5 gutt Grënn: Eng Strëmp fillt sech an der Schnëss ganz agreabel un, deene kléngen Hënn hëlleft et, wa se Zänn maachen, a fir déi Grouss ass et bal ewéi Knätsch. Den Hond klaut se dann aus Langweil an als Ersatz fir Spillgezei, wat hie grad net fënnt. Grad wéi wann hie wéilt soen: “Komm mat mir eraus, ech wëll spillen!” Deen 3. Grond ass dann: Däin Hond ass einfach nëmme frou mat Dir! Firwat? Ma, jidderee vun eis ass jo frou, wann e propper Strëmp unhuet – den Hond wëll eis Gebrauchten, well déi no eis richen! Hie fillt sech da méi no bei eis! Dat gëllt iwwregens och fir all anert Kleedungsstéck, wat um Buedem läit! An dann de 5. a vläicht Haaptgrond ass deen hei: Hënn si sozial Déieren an Hënn verlaangere, wa se eleng sinn. Si probéieren sech also mam Geroch vu senge Leit ze tréischten. Eng Strëmp oder soss e Kleedungsstéck ass also ideal fir engem den Androck ze ginn, et wier een net eleng am Haus. Do kritt en anert Spréchwuert “ech kann Dech net richen” dann och eng ganz nei Bedeitung! Firwat soen ech Iech dat alles? Ma grad um Ufank vum Joer wier mäi Message: kommt mir kommen emol all op den Hond a starte voller gudder Laun a Liewensfreed an dat neit Joer – et muss ee sech duerfir jo net onbedéngt eng knaschteg Strëmp an de Mond stiechen – e Laachen op de Lëpse geet meeschtens och schonn duer fir eist Liewen an dat neit Joer e Stéck besser ze maachen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.