Apropos vum Marie GalesRevanche

''Ech wäert mech revanchéieren'', meeschtens héiert een dee Saz, wann eng Persoun engem anere e Gefale gemaach huet. An deem Sënn, ech wäert Dir och mol e Gefale maachen.

© rtl.lu
Apropos Revanche


Och am Sport schwätzt ee vu Revanche, déi eng Kéier verluer, da muss gewonne ginn, soss ass ee raus.
Ganz elle gëtt et awer bei Revanchen, déi en negative Buedem hunn, wéi bei kriminellen Organisatiounen oder uergen Doten.
An do kann ee soen, dass de Mënsch am Fong dach e gutt Wiesen ass, well géif et op alles Béises vu Mënschen op dëser Welt eng Revanche ginn, dat wier et hei nach eng méi wüst Plaz.

Starte mir mat de Fraen, déi sou laang Zäit fir dat 2. Geschlecht, dat Schwaacht gehale goufen a fréiers vun wichtegen Decisiounen ecartéiert waren. Vill Efforten souguer Fraeliewen huet dat kascht, dass et haut net wéi sou ass. Mä Revanche hunn déi mannste Frae geholl, mä ëmmer vun engem Zesumme geschwat.

Ech gi weider an d'Kricher kucken. Do goufen et Judden, déi wéinst hirem Glawen ëmbruecht goufen, Russen déi als Ënnermënsch titeléiert goufen a vun der Bildfläch ze verschwannen haten, dem NAZI-Regime ass ganz grausam virgaangen. Haut a rezenter Vergaangenheet, Jesiden a Syrien, déi verdriwwe ginn, Rohingya, déi am Myanmar och op der Flucht sinn. All d'Mënschen op der ganzer Welt, déi verfollegt ginn aus wéi enger Ursaach och ëmmer, stellt Iech mol vir, déi géife dat selwecht vun hirem brutale Vis-à-Vis afuerderen?

Kanner, déi gepéngecht ginn an da meeschtens versichen ze vergiessen fir iergendwéi e bëssi ze iwwerliewen. Meeschtens ass do hire Boureau en Erwuessenen a stellt Iech mol vir, d'Kanner géifen sech zesummen dinn an deene Groussen dat undinn, wéi hinne geschitt ass.

A dann déi schwaarz Populatioun, déi vun der Wäisser sou laang ënnerdréckt a mësshandelt gouf a wou een haut leider nach ëmmer vu fierchterleche Virfäll héiert. Gelyncht goufen se fréiers an hinnen d'Recht geholl fir dierfe léieren ze goen oder sech an d'Géigend vun engem Wäissen ze trauen; do géif et mat der Revanche da richteg ellen ginn.

Ech kinnt déi Lëscht bis an d'Onendlecht féieren! Dobäi ass et am Fong einfach: Wat s du net wëlls wat een Dir undeet, dat déi och kengem anere Mënsch un. Der Mënschlechkeet zu Léift!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.