Carte Blanche vum Paul EstgenWéi gesäit et aus mam globale Wirtschaftszoustand?

Brauche mer net e globalen neie Wirtschaftssystem wa mer iwwert d'Zukunft vun onser Biosphär nodenken? Heizou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Carte Blanche vum Paul Estgen



Natierlech muss ee sech Suerge maache wann een iwwert den Zoustand vun der Welt nodenkt. Eng Majoritéit vun de Leit si sech haut bewosst, dass de Klimawandel, d’Aartestierwen, d'Ëmweltzerstéierung zu enger globaler Bedreeung fir d'Mënschheet ginn ass.

Souguer de Weltwirtschaftsforum, deen d'Renconter vu Davos organiséiert, kënnt a sengem "Risk Report 2018" zur Konklusioun, dass de Klimawandel an déi domadder verbonne Migratiounswellen de gréisste Risiko fir d’global Wirtschaft duerstellen.

Dat aktuellt Wirtschaftsklima ass dofir éischter gutt; d’Konjunkturdonnéeën op der ganzer Welt sinn am grénge Beräich.

Mä leider ass onsen aktuelle Wirtschaftssystem a sengem globalen Usaz, weder staark sozial ausgeriicht, nach ökologesch drobar.

Mir brauchen haut méi radikal Aschnëtter, déi de Wirtschaftssystem sou reforméieren, fir dass de Wuesstem ons och um sozialen an ökologesche Plang no vir bréngt, a Konzepter wéi "Greeneconomie" a "Circularwirtschaft" eng Realitéit ginn.

Et gi fir mech zwee Parametere wou mer mussen usetzen. Ons Gesellschaft muss Aarbecht méi bëlleg maachen an de Verbrauch vu Ressourcë méi deier.

Ech erkläre mech.

D'Progrèsen hunn dozou gefouert, dass mer ëmmer manner Aarbecht brauchen.
Aarbechtskraaft läit brooch (Chômage, Exclusioun, Aarmut an de Drëtter Welt) well se onrentabel ass vis-à- vis vu Maschinnen. Pauschaliséierend: et mécht hei zu Lëtzebuerg kee Sënn e maschinell hiergestallte Produit ze flécken, well et méi bëlleg ass en neien ze produzéieren. De Ressourcëverbrauch ass dacks kee grousse Käschtepunkt, well ebe genau do déi global Ëmweltkäschten net richteg bewäert ginn.

Vir eng Nohalteg Entwécklung musse mer op deene Punkten usetzen.

Konkret géif dat goen, andeems mer déi indirekt Lounkäschten erofsetzen. D'Sozialkäschte sollte komplett iwwert de Budget bezuelt ginn, dee mer iwwert d'Lounsteier a Steieren op d'Betriber finanzéieren. Et mécht kee Sënn méi fir d'Betriber ze bestrofe wa se Leit astellen. An eng sozial Ofsécherung bidde mer och haut schonns all de Leit un, ob se am Aarbechtsprozess sinn oder net.

Onsere Wirtschaftssystem muss sech dorops baséieren, dass d'Belounung, spriech Gewënn, sech ob d'Minimiséierung vum Ressourcëverbrauch orientéiert, an net op de Produktiounskäschten. Dat erreecht een domadder, andeems eng Steier op net erneierbare Ressourcen erhuewe gëtt, déi een nei an de Wirtschaftskreeslaf bréngt. Net besteiert géife Weiderverwäertungen an Transforméiere vu benotzte Ressourcen. Och déi zwou nohalteg Energiequellen, also Solar a Wandenergie, genau sou wéi d'Liewensmëttelproduktioun, solle vun der Steier ausgeholl sinn. Sou eng Steier muss héich genuch sinn, fir dass mer konsequent vun enger Wegwerfwirtschaft an eng Kreeslafwirtschaft kommen. Dës Steier kéint an Etappen, zum Beispill d'TVA remplacéieren. D'kollektiv Intelligenz muss dofir benotz gi fir mat sou mann wei méiglech natierleche Ressourcen, sou vill wéi méiglech Gidder a Servicer kënnen hierzestellen; an dëst Verhale muss och finanziell belount ginn. Duerch sou e Paradigmewiessel kënne mer et schaffen, an der wéineger Zäit déi ons bleift, eng nohalteg Wirtschaft opzebauen.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.