Apropos vum Camille NeyVakanzestress

Iwwermuer fängt d'Fuesvakanz un an domat och de Stress fir emol iwwerhaapt bis dohin ze kommen - de Camille Ney kënnt schonn an de Schweess ier et esou wäit ass...

Apropos Vakanzestress


Et wor emol eng Famill, déi sech drop gefreet huet, fir an d’Vakanz ze fueren! Wann Dir Iech an dëser Geschicht erëmfannt, dann ass dat iwwregens rengen Zoufall!

Et geet schonn u mat de Valissen – wéi eng huelen ech mat, wat paken ech an, hu souwisou ëmmer ze vill derbäi, reent et oder reent et net? Hu se Plagendicher am Hotel? Kanns de mir mäi Liiblingshiem nach strecken? Firwat ass dat dann elo an der Wäsch? Wéi eng Medikamenter solle mer mathuelen? Du kanns dach elo net den Delfin vum leschte Joer mathuelen – wie bléist eis deen dann op?! D’Sonnecrème, 20, 30 oder 50? Brauch ech e Pass? Ass mäin nach gutt? Solle mer d’Suen heiheem wiesselen oder dohannen? Mengs de do wiere Moustiquen? Wat méchs Du da mat esouvill Schong? Kanner, maacht emol virun! Soll de Fön am Hotel alt staark genuch sinn? Du kanns dat do dach net alles mat an d’Vakanz huelen!? Hues de dem Noper schonn de Schlëssel ginn fir d’Bréifkëscht eidel ze maachen ? Bass de da bal fäerdeg!?

Alles ëmmer um leschte Stëppel, wéi wa mer net gewosst hätten, dass mer géifen an d’Vakanz fueren! Sidd emol roueg, ech ka mech net konzentréieren! Soll ech e Prabbeli apaken? Eng Halschent vun der Wallis ass scho voll mat Geräter an Adapteren! Elo sinn ech bestëmmt schonn op 20 Kilo – a wann ech mir dohannen eppes wëll kafen? Dann dee Walissen-Tetris bis alles am Auto ass! Sou, hu mer elo alles? Hues de Deng Pëllen? Mir hu bestëmmt erëm eppes vergiess! Hues de der Bom gesot, dass den Hond keng Pouletsschanken daarf kréien ? Da kënne mer fueren! Hues de d’Luuchten all ausgemaach an d’Fënsteren zou? Wat e Stress...!

Gutt, dass d’Schoul geschwënn erëm ufängt…

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.