Apropos vum Yann LogelinVöllig losgelöst

A sengem Apropos vun haut mécht de Yann Logelin e puer Gedanke ronderëm een Evenement, wat hie gëschter am Livestream gekuckt huet:

07/02/2018 Apropos: Völlig losgelöst


Gëschter Owend... op der Tëlee ass Netflix gestreamt ginn, hunn ech mech nawell wierklech vu mengem Second-Screen oflenke gelooss an déi éischte Kéier a mengem Liewen de Start vun enger Rakéit live suivéiert. Ech hätt dat och schonn déi aner Woch beim Lancement vum GovSat 1 maache kënnen, hunn et awer eben eréischt gëscht gemaach. Gesinn hunn ech wéi dem Elon Musk seng Falcon Heavy, déi leeschtungsstäerkst Rakéit, déi bis ewell vun engem private Constructeur gebaut gouf, mat Succès vu Cap Canaveral a Richtung Mars gestart ass. U Bord e rouden decapotabelen Tesla a gelaf ass dobäi dem David Bowie seng Space Oddity.

Ground control to Major Tom“ fir de Lancement vun enger Rakéit, déi den etabléierte Weltraumagencen ewéi ESA, NASA a Roskosmos den zweete Präis gëtt. Ech hu mer elo net wierklech d'Fro nom Sënn gestallt, ob een dann elo wierklech eng Rakéit mat engem Elektroauto u Bord eng Kéier ronderëm eise Nopeschplanéit schécke muss oder net. Den Elon Musk huet jo d'Suen an däerf domat maachen, wat e wëll, wann et hien da glécklech mécht.

Ech hu mer allerdéngs gëschter Owend d'Fro gestallt firwat d'Initiativ de Weltall z'erfuerschen ewell virun allem vu privaten Entreprisë viru muss bruecht ginn a firwat et der Mënschheet net méiglech ass, do d'Grenzen, déi eis hei ënnen op der Äerd nach ëmmer trennen, endlech z'iwwerwannen an international zesummen ze schaffen.

Richteg. Et gëtt d'ISS, déi zesumme vun den USA, Europa, Russland a Japan bedriwwe gëtt, déi awer lues a lues an den Alter kënnt an d'Hoffnung op eng nei Gemeinsam Raumstatioun dierft net all ze grouss sinn. Ambitionéiert Länner hunn dës international Zesummenaarbecht ewell gekënnegt a schaffen un eegene Raumstatiounen, Mound- a Marsmissiounen, fir China net ze nennen, amplaz et zesummen ze maachen.

Mä fir wierklech virun ze kommen an der Erfuerschung vu Welten, wou bis ewell nach ni e Mënsch gewiescht ass, musse mer wahrscheinlech alles bündelen, wat eis zur Verfügung steet, oder mir iwwerloossen et räichen Idealisten, déi einfach en Dram hunn an esou villäicht op hir Plaz an de Geschichtsbicher hoffen. A wie weess villäicht ass d'NASA an e puer honnert Joer längstens vergiess, mä den Musk hu se Denkmäler gebaut... um Mound... um Mars... a villäicht nach op ganz anere Plazen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.