Lieserbréif vum Alex DonnersbachOch mir Jonker entscheede mat!

E Méindeg Moien huet d’Madamm Lulling an enger Carte Blanche op RTL iwwert Altersdiskriminatioun geschwat. Vu verschiddenen Aussoen iwwert déi jonk Generatioun war ech dobäi méi wéi erstaunt.

Link: Carte Blanche vum Astrid Lulling

Do war ze liesen: “Haut erliewen ech, dass Studenten, déi knapps fäerdeg sinn, Kandidat a gewielt wëlle ginn. Obschonn se null Erfarung am Beruffsliewen hunn, wëlle se d’Land mat regéieren.“

Dëse Message u Studenten a jonk Leit hei zu Lëtzebuerg muss ee wuel sou verstoen: "Halt de Mond, schafft eppes, spéider kritt dir iergendwann d’Recht matzeschwätzen a matzëentscheeden.“

Datt déi Aussoen am Géigesaz stinn, zu deem, wat an der selwechter Carte Blanche gefuerdert gëtt – keng Altersdiskriminatioun – schéngt der Madamm Lulling net opzefalen.

All eenzele Mënsch ass als vollwäertege Bierger ze behandelen an ze respektéieren. Och déi Jonk si keng kleng Kanner, iwwer deren hire Kapp ewech hei am Land alles kann decidéiert ginn.

Och déi Jonk hunn hir Virstellungen, wéi mir hei zu Lëtzebuerg wëlle liewen.

Mir hunn eis Vuen - mir hunn eng Stëmm - a mir hu keng Angscht se ze benotzen!

Madamm Lulling iert sécher net an all Punkt. Et gi Beräicher an eiser Gesellschaft, wou eis eeler Matmënsche méi Respekt a Verständnis verdéngt hunn. Et ginn och rezent politesch Reformen, ewéi an der Fleegeversécherung, wou mir eis sollen driwwer opreegen. All Liewensphase bréngt ënnerschiddlech Erausfuerderunge mat sech, déi an eiser Gesellschaft solle berécksiichtegt ginn.

Mee grad an der Politik sinn et éischter déi Jonk, déi net fir voll geholl ginn, ënnerschat ginn an deren hiren Alter als Virwand benotzt gëtt fir hinne keng Verantwortung ze iwwerdroen.

E gutt Beispill waren déi rezent Gemengewahlen. Och wann de Wieler dës Kéier enger ganzer Rei Jonker hiert Vertraue geschenkt huet, a se vum Resultat hir, en Usproch op d’Mandater vu Buergermeeschter oder Schäffen haten, huet de Gemengerot hinnen dat a verschiddene Gemenge wéinst hirem Alter net zougetraut. Schued!

An der Chamber sinn am Moment 12 Prozent vun de Deputéierten ënner 40 Joer. Wéi een Undeel hunn déi ënner 40 awer an der Lëtzebuerger Bevëlkerung? Iwwer 50 Prozent. Et kann een also sécher net vun enger Iwwerrepresentatioun vu Jonken an eise politeschen Instanze schwätzen. Ganz am Géigendeel! Et ass nach Loft no uewen do fir e gesonde Mix vu Jonk a méi al, nei an erfueren.

Politik ass weder just de Jonken, ma och net engem klenge Krees vun eeleren Hären a Dammen virbehalen oder just enger bestëmmter Beruffskategorie.

Politik geet eis all eppes un. Mat de Konsequenze vu verschiddenen Entscheedungen, déi haut oder muer getraff ginn, wäerte mir Jonker nach laang musse liewen. Als Bierger a Studenten si mir dowéinst voll berechtegt iwwert eist Zukunft matzeschwätzen a matzëentscheeden!

Alex Donnersbach – e jonke Gemengeconseiller vu Walfer


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.