Carte Blanche vum Richard Graf Zäit fir e politeschen Bilan

Do, wou vill Hoffnunge sinn, bleiwen d'Enttäuschungen net aus. No iwwer véier Joer blo-rout-grénger Koalitioun ass et Zäit, op dat historescht Experiment zeréckzekucken. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Lues awer sécher fänke verschidden Deeler vun de sougenannten „Forces vives de la nation“ un, de Bilan vun der amtéierender blo-rout-grénger Koalitioun ze maachen.

Dëser Deeg war et de Forum Culture(s), deen der Regierung nawell eng zimlech Datz ausgedeelt huet. Dat allerdéngs manner, well di aktuell Koalitioun am Kulturberäich sou vill Falsches gemaach hätt, ma éischter well se einfach näischt gemaach huet. Näischt allefalls am Sënn vum Kulturpakt, deen och di aktuell Regierungsparteie schonn 2009 mat ënnerschriwwen haten.

D'Enttäuschung ass dowéinst sou grouss, well grad am Gebitt vun der Kultur, wou jo d'CSV e Véierelsjoerhonnert laang d'Soen hat, den Nohuelbedarf enorm war. D'Gefill, dat hei de Rendez-vous verpasst gouf, mat grad deenen Deeler aus der Bevëlkerung, déi fir Ännerungen an Neies op sinn, bestätegt déi Suergen, déi ech op dëser Antenn Enn 2014 gemaach hat.

Sou intensiv d'Connectioun vun der Regierung mat diverse Wirtschafts-Kreesser och ass, d'Société civile fënnt sech a villem vun deem, wat gemaach gouf, a virun allem wéi et gemaach gouf, nëmmen schwéier erëm.

Nun ass eng Koalitioun ëmmer och eng Saach vu Kompromësser, an de Sproch „méi konnte mer mat deenen aneren net erreechen“ ass no iwwer véier Joer sou wouer - a sou ofgenotzt - wéi senger Zäit an diversen Koalitiounen mat der CSV.

Wann een handwierklech Pannen, wéi den Zukunftspak, vun deem haut kee méi schwätzt oder de Referendum, un dee kee sech méi erënnert, ewech léisst, da kann een dëser Regierung zumindest attestéieren, hir Saach net onbedéngt schlecht gemaach ze hunn. Op alle Fall net méi schlecht wéi eng Regierung ënner CSV-Leadership.

Schliisslech schéngt och d'Konjunktur der Regierung an d'Hänn ze spillen. Elo kënnen och nach eng Rei Kaddoen u verschidden Interessegruppe gemaach ginn, nodeems anerer mam Zukunftspak zimlech maltraitéiert goufen.

Och am ëffentlechen Transport geschitt vill, allerdéngs zur Zäit mat Nodeeler fir d'Utilisateuren. Déi sinn nosiichteg, well et en enormen Handlungsbedarf gëtt.

Niewebäi bemierkt: Vläicht kéint een déi Dausende Fraen a Männer, déi all Dag hire Beitrag zum Klimaschutz leeschten, jo och mat engem Cadeau a Form vu engem Gratistransport beglécken – zumindest esou laang wéi de Wuerm am System ass.

Firwat awer kënnt da bei ville keng richteg Begeeschterung op, obwuel eng Rei Ännerungen stattfonnt hunn?

Natierlech sinn d'Revendikatiounen aus der Zivilgesellschaft oft maximalistesch an deelweis och ënnert sech widderspréchlech. Natierlech war d'Erwaardungshaltung an och Dialogbereetschaft nom leschte Regierungswiessel grouss, méi grouss jiddefalls wéi bei de Wiessele virdrun.

Datt d'Gefill, gelauschtert ginn ze ginn, sech ni richteg agestallt huet, hat vläicht och mam Zäitdrock ze dinn, méiglechst vill an enger Legislatur unzepaken. Trotzdem wär et wichteg, wann d'Koalitiounsparteien, ier et elo an de richtege Walkampf geet, sech och intern mat der Fro beschäftegen, firwat d'Verbindung mat de Basisorganisatiounen ni richteg funktionéiert huet.

Gutt a motivéiert Berufspolitiker a Politikerinnen si fir eng fortschrëttlech Politik sécher wichteg. Si ginn awer net duer, wann déi hannendrun d'Gefill net lass ginn, just als Stëmmvéi missen duerzehalen an hire Rot an hir Erfahrung net weider zielt.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.