Lieserbréif vum Roby ZennerDeier Parkplazen an de Spideeler

Bis elo ass et schonn normalerweis ganz deier ginn, wann ee baussen op enger Parkplaz oder ënner Daach an engem Spidol geparkt huet, an elo sënn déi Taxen nach emol eng Kéier drastesch erop gesat ginn. Wéi wann déi Präisser net schonn héich genuch gewiescht wiren !

Wann een säi Rendezvous am Spidol wëllt anhalen, da muss ee scho mat gudder Zäit fortfueren, a wann ee vill Chance huet, ass ee vill ze fréi virum Spidol. Wann een da parkt, bezilt ee scho fir d’ Waardezäit am Spidol en zimlech héije Präis – wann een iwwerhaapt emol eng Plaz an deene meeschtens vill ze klenge Parkinge fënnt.

Well awer hautesdaags d’ Waardezäite ganz dacks iwwer eng, zwou Stonnen eraus ginn, blecht een déi Zäit och nach ongerechterweis mat.

Et ass elo ausgerechent ginn, datt Elteren, déi dagsiwwer bei hirem Këndchen am Spidol sëtzen (sëtze mussen), ronn 26 Euro ze bleche kréien. Läit dat Kand also 10 Deeg am Spidol, da bliederen d’ Elteren niewent deenen héije Rechnungen am Spidol och nach 260 Euro fir de Parking.

An domat wier et elo héich un der Zäit, datt d’ Gesondheetsministesch an d’ Krankekeesen sech hei draleeën. Et misst jo wuel esou sënn, datt Patienten, déi am Spidol behandelt ginn, ouni Käschten dierfte parken ; et géif duergoen, datt se d’ Dokteschrechnung oder en Attest vum Dokter an der Receptioun virleeën, wann se raus ginn, datt de Parkziedel fräi geschallt gëtt an näischt brauch bezuelt ze ginn. Datselwecht misst de Fall sënn, wann aus zwéngende Grënn Eltere bei hire Kanner oder Membere vun der Famill misste bei hiren Elteren oder Grousselteren am Spidol bleiwen.

Well deen heite Problem gehéiert net an de Beräich vum Privaten, mee misst als en Deel vun der Krankebehandlung geléist ginn.

                                                                                                                                                                                Roby ZENNER (6.2.)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.