Carte Blanche vum Robert WeberDéi schläichend Inflatioun mécht eis méi aarm

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten.

Carte Blanche vum Robert Weber



Ech war a menger  laangjäreger aktiver Gewerkschaftszäit vill mat dem Index an domat och mat der Inflatioun beschäftegt. Kee Joer ass vergaangen, an deem mer net an der Tripartite zesummesouzen a wou mer eis iwwert di richteg Marschroute gestridden hunn.

Ech hunn Zäite vun offener Inflatioun materlieft an och Zäite vu galoppéierender Inflatioun.

Mir hate Joren, do gouf et 4 Indextranchen, awer d’Reegel war ëmmer 1 Indextranche pro Joer. Mir hunn och déi eng an déi aner Kéier an de System agegraff, fir Problemer an der realer Wirtschaft entgéintzesteieren. Dëst ass awer ëmmer no Tripartite-Reuniounen am Accord oder Désaccord geschitt. Dës schéngen déi golde Joren 80 bis 2013 gewiescht ze sinn.

Mir hunn, ënnert anerem, mëttels dem Index ëmmer versicht, de Wirtschaftskuch méi gerecht ze verdeelen! (Et gouf dofir awer och nach aner Instrumenter, wéi d’Steierpolitik, de Renten- a Mindestloun-Ajustement, fir nëmmen dës dräi ze nennen.)

Wat ech awer elo zanter 5 Joer gesinn, dat ass nei: Nämlech déi schläichend Inflatioun.

Grad si mécht déi Aarm méi aarm an déi Räich méi räich

D’Akommesschéier ass zanter 2013 gewalteg auserneegaangen. Net eleng bei eis, jo, awer och bei eis. An dat ass e grousse Changement.

Zanter 10 Jore mécht d’Europäesch Zentralbank eng niddereg Zënspolitik. Dat huet säi Guddes awer och leider vill Negatives. Den allgemeng nidderege Präisniveau an der EU ass dat wichtegst Argument vun der EZB, fir mat hirem Programm vu mat milliardeschwéieren Anleihenkeef virunzefueren. Dës verstoppten Inflatioun gëtt allerdéngs net erfaasst.

Wann d’Präisser fir Haiser an Aktien an d’Luucht ginn, da ginn d’Besëtzer ëmmer méi räich. Déi, déi awer elo en Haus, oder eng Wunneng kafe wëllen, oder déi, déi elo Wäertpabeiere kafen, well um Spuerbuch Nullzënsen herrschen, all déi kucken domm an d’Wäsch.

Anescht ausgedréckt: D’Schéier tëschent der offizieller Inflatiounsstatistik an der Verméigenspreisentwéckelung ass gewalteg auserneegaangen. Wa mer vun enger Inflatioun vun 1,1% schwätzen, da schwätze mer vun enger Inflatiounsrat bei Wunnechten an Aktien (also den Verméigenswäerter) vun iwwert 8 %.

Déi schläichend Präis-Inflatioun, dat ass déi Inflatioun, wou de Präisniveau ganz lues méi héich geet.

Dat ass déi Inflatioun, wou all Staat seng Scholden ofbaut.

Dat ass déi Inflatioun, déi dem Bierger kaum opfält.

Dës Inflatioun ass awer gewalteg geféierlech, wa se iwwert e gréisseren Zäitraum unhält.

Mir hunn elo zanter 2013 eng schläichend Inflatioun hei zu Lëtzebuerg. Dës Präisentwécklung huet eis méi aarm gemaach!

2013 hate mer eng Indextranche. 2017 hate mer och eng Indextranche. Dat ass alles.

Vum 1.1.2013 bis haut ass de Stonne-Mindestloun em ganzer 0,72.-Euro eropgaangen. Am Mount mécht dat an enger Period vun iwwer 5 Joren eng Hausse vun 124,4.-Euro aus.

Am Joer 2016 sinn eis Renten ëm 0,5% ajustéiert ginn. Vun 2013 bis 2018 soss näischt ausser der Rei.

Solle mir elo MERCI soe fir dës Politik? !

Wann dat esou weidergeet, da kritt eis Wirtschaft reale Schued. Eng Wirtschaft lieft vum Export awer och vum Banne-Konsum. An Däitschland hu se jorelaang ausschliisslech Exportpolitik gemaach, mat dem Resultat, dass d’Akommes vun den Bierger (also Paien a Renten) staark gefall sinn. Milliounen aarm Familljen, Milliounen aarm Kanner a Milliounen aarm Rentner sinn haut d’Realitéit an der räichster Wirtschaft vun der Welt.

Wa mir eis net elo op d’Been setzen, da gi mir dëse Wee och.        

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.