Apropos vum Bea KneipDe Gorilla an der Gondel

Et léiert een ëmmer eppes dobäi, dat seet sech d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

01/03/2018 Apropos: De Gorilla an der Gondel
.



Ironie sollt een ëmmer déck genuch opdroen, soss riskéiert ee mëssverstanen ze ginn, dat hunn ech emol aus mengem leschten Apropos geléiert. Lues Téin ginn hautdesdags net méi onbedéngt gehéiert, dofir ginn et villäicht einfach ze vill Hannergrondgeraischer.
Do huet een heiansdo de Wonsch fir einfach emol auszespanen, et ass ee souzesoen zeideg fir d'Insel! Just, wéi eng Insel? Bei verschiddener sollt een sech bäimaachen, wann een se nach wëll gesinn, ier se vum Ozean iwwerschwemmt ginn. Mä dat mécht jo guer näischt, well beléifte Reesdestinatiounen wéi d'Seychellen oder d'Malediven si jo elo schonn e Paradäis fir Taucher. Da behält een den Taucherbrëll an Zukunft eben och am Hotel op, dann huet ee souguer nach Zäit gespuert!
Souwisou, fir all Insel déi ënnergeet, kënnt jo ëmmer eng nei dobäi. Kënschtlech opgeschott, souguer ganz dekorativ a Palmeform, och dat ass e Magnéit fir Touristen!
Oder déi méi improviséiert Inselen, déi mëttlerweil iwwerall an den Ozeaner ze fanne sinn. "Life in plastic, it's fantastic", sou huet schonn den dänesche Grupp Aqua a sengem Hit "Barbie Girl" gesongen. Just dass ënnert dem ganze Plastikschrott dee mëttlerweil an de Weltmierer schwëmmt, geschwë ken Aqua méi ze gesinn ass.
Mä keng Suerg, des ass es jo nach genuch an de polaren Äiskappen agefruer. Wa mer et also nach fäerdegbréngen, déi z'entdeeën, dann ass ganz sécher genuch Waasser do. An enger eventueller Neiverfilmung vu King Kong bräicht dee grousse Gorilla da guer net méi op d' Spëtzt vum Empire State Building eropzekloteren, e kéint dohinner schwammen. Oder ganz romantesch mat der Gondel dohinnerfueren. Zu Venedeg géifen se déi jo dann net méi brauchen, do wieren se just nach mat U-Booter ënnerwee.
An ob dat hei elo eescht, ironesch oder souguer sarkastesch gemengt war, dat musst Dir, léif Nolauschterer a léif Lieser um Internet, fir Iech selwer decidéieren...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.