Carte Blanche vum Laura ZuccoliFirwat esou schnell en Integratiounsplang fir Lëtzebuerg?

Am Ament gëtt un engem neien Nationalen Aktiouns- an Integrationsplang PAN genannt geschafft. Dëse Plang ass laut dem Gesetz vum 16. Dezember 2008 iwwert den Accueil an d’Integratioun Flicht. Elo huet Regierung decidéierten neien Integratiounsplang virzeleeën an nach am Mäerz an der Chamber ze diskutéieren.

Am Gesetz vun 2008 gouf niewent dem Empfang an der Begleedung am Integratiounsprozess vun alle Mënschen, déi an eist Land kommen, ënner anerem och folgend Aufgabe geschafen:

- d’Ausschaffe vun engem nationalen Aktiouns- an Integratiounsplang, PAN genannt

- d’Opstellen all 5 Joer vun engem Nationale Rapport an deem Zesummenhang

- d’Ubidde vun engem Integratiounskontrakt, CAI genannt, fir all Auslänner, deen hei wunnt a wëlles huet, heizebleiwen.

Den 1. Integratiounsplang ass 2010 a Kraaft getratt an ass bis 2014 gelaf. 2014 goufen och e puer Avisen ageholl fir en neie Plang, mä duerno vergiess. Elo, nodeems d’Land 4 Joer laang ouni nationalen Integratiounsplang lieft, well d'Regierung, déi nach just 6 Méint um Rudder ass, nach schnell esou e Plang iwwer de Knéi briechen, obwuel mer am Oktober Wahlen hunn.

Laut Gesetz soll och all 5 Joer e Rapport iwwert d'Politik vum Empfang an der Integratioun vun den Net-Lëtzebuerger virgeluecht ginn. Esou e Rapport ass awer ni entstanen oder en ass zumindest net der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. Dëst Joer misst deen zweete Rapport erauskommen, säit d'Gesetz gestëmmt gouf. Esou eng Evaluatioun wier jo awer wichteg fir Schwéierpunkter am neien Integratiounsplang ze setzen!

D’auslännesch Awunner kënnen en Integratiounskontrakt vun 2 Joer bei eis fräiwëlleg ënnerschreiwen. Si kréien dann e bëllegen Zougang zu 60 bis 120 Stonne Sproochecoursen, Zivicscoursen an Informatiounen iwwert eist Land. Dëse Kontrakt gëtt vum Office luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration OLAI organiséiert, mä ass kaum vum Public bekannt  – op Lëtzebuerger oder Auslänner. All Joer ënnerschreiwen eng Ronn 1400 Auslänner esou en Integratiounskontrakt. Eng kleng Zuel am Verglach zu den 20' 000 neien Auslänner Awunner, di sech all Joers zu Lëtzebuerg nidderloossen. Do besteet nach vill Loft no uewen, zemools wann ee weess, dass dësen Integratiounskontrakt sech net nëmmen un di Leit went, di nei an d’Land kommen, mä och un déi Auslänner, déi scho mi laang hei wunnen. Elo soll en neien Integratiounsplang opgestallt ginn, ouni vun esou engem wichtegen Instrument Konklusiounen ze zeien.

Säit dem Schafe vum Integratiounsgesetz 2008 goufen et vill Ännerungen an der Zesummesetzung vun eiser Bevëlkerung. Den nationalen Integratiounsplang soll politesch Richtlinne vun eisem Zesummeliewe festleeën. Do ass et wichteg, datt am Virfeld d'Regierung net nëmme Gemengen an Zivilgesellschaft ëm d'Meenung freet, mä och Gewerkschaften a Patronat.

Well wichteg wär et kloer ze stellen, wou d'Verantwortunge vun alle Partner sinn, och vun de Firmaen di d’Auslänner op Lëtzebuerg ulackelen?

Ewéi kënne mer bei de ville Frontalieren en Zougehéieregkeetsgefill fir Lëtzebuerg fërderen?

Wéi eng Roll hu Lëtzebuerger an all deenen Integratiounsinstrumenter?

Dëse Plang betrëfft jo net nëmmen di 50% Auslänner aus eiser Bevëlkerung, mä eis all - op mer wëllen oder net!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.