Apropos vum Camille NeyGucci, Gucci, Gucci, Armani

De Mënsch reest gär – fir nei Länner, Landschaften a Kulture kennen ze léieren, gutt z’iessen an als Souvenir flott Saachen ze kafen, déi een heiheem net fënnt. Dëse leschte Punkt ass awer ëmmer manner en Argument fir de Camille Ney…

08/03/2018 Apropos Gucci, Gucci, Gucci, Armani 12h50


Ech war d’läscht Woch kuerz zu Mailand an zu Turin an esou Stied si jo scho Musek an den Ouere fir e Powershopping ze maachen! Du hëls dann och extra eng grouss Wallis mat fir Dech do moudesch anzekleeden. Quetschen och! Béid Stied si mëttlerweil - esou wéi vill anerer uechter Europa an uechter d’Welt - wuel nach ëmmer eng Rees wäert a punkto Kultur, Architektur a Gastronomie, mee fir anzekafen ëmmer manner!

Esou wäit d’A kucke kann, liichten iwwerall an den Haaptakafsstroossen déi selwecht international Enseignen, wéi mir se och vun heiheem aus de Foussgängerzonen, aus den Akafszentere a vum Online-Shopping hier kennen. Déi deierst Marken hunn déi beschten Ecker. An der Entréesdier steet en Haus vun engem Securitysmann, deen Dir scho mat den An ze verstoe gëtt, dass de an Dengem relaxe Vakanzenoutfit emol guer net op d’Iddi solls kommen, d’Klensch vum Geschäft ze drécken, well Deng Kreditkaart géif esou just duer goen, fir d’TVA ze bezuelen. Maach héchstens eng Foto vun der Vitrinn, setz déi op Facebook a Merci fir déi gratis Publicitéit! A wat maachen déi selwecht Luxusmarken op deene beschte Plaze, wa souwisou nëmmen eng Handvoll Leit sech dat ka leeschte, wat si verkafen? Béis Zongen nennen déi edel Boutiquen och Steierwäschmaschinnen!

Näischt ass jo méi onattraktiv fir de Mënsch ewéi en Déjà-Vu! Sief et an engem Film, bei engem Erliefnes oder eben op enger Rees. D’Globaliséierung suergt derfir, dass där Gefiller mëttlerweil ëmmer méi opkommen, wann een ënnerwee ass. De Kär vu ville Stied: copy-paste! Am Hotel hunn ech dunn an der Verzweiwlung awer och nach no engem Geheimtipp gefrot, op et net iergendwou nach esou e Soho- oder Notting-Hill-Quartier géif ginn, wou just déi Einheimesch akafen? Nee, war d’Äntwert – déi hunn all zougemaach!

An dann nach eppes: wann s de da schonn an der Stad näischt fonnt hues, da vertréischtst de Dech jo alt op de Fluchhafe, wou ee jo am Tax Free nach super Last Minute-Affaire mécht! Da meng alt! Dee selwechte Schockela deen an der Foussgängerzone 6 € kascht huet, kascht der hei 9! Ma dann haalt en an da kafen ech mir déi selwecht Tablette heiheem och fir 6 € a loossen déi grouss Wallis beim nächste Citytrip heiheem – da kommen ech och méi séier duerch d’Douane…

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.