Apropos vum Yann LogelinHeiansdo näischt soen

A sengem Apropos vun haut schwätzt de Yann Logelin iwwert d'Näischtsoen:

06/03/2018 Apropos: Heiansdo näischt soen



Näischt soen, dat ass heiansdo net einfach, wier dacks awer richteg schéin. Eis Gesellschaft funktionéiert allerdéngs net esou an esou bal een ënner Leit geet, gëtt matenee gepotert a geschwat, ginn Erliefnisser ausgetosch, Geschichten erzielt. Et gëtt mateneen diskutéiert an debattéiert, heiansdo och gestridden, well ee kee gréngen Nenner fënnt an deem Gespréich wat ee matenee féiert.
Meeschtens, awer net ëmmer, sinn esou Gespréicher och ganz agreabel. Virun allem wann ee se mat gudde Frënn a Kollege féiert, mat deenen ee souwisou op enger Wellelängt läit, déi ee gutt gebrauche kann, an déi een och gutt gebrauche kënnen. Dat sinn dacks Gespréicher, déi esouguer méi laang dauere kéinten ewéi se wierklech daueren, déi ee gären nach viru verdéiwe géif, wou ee gären nach méi am Detail driwwer schwätze wéilt.
Da gëtt et awer och esou Amenter, wou och e kuerzt Gespréich endlos ze si schéngt. Amenter an deenen ee gären d'Zäit einfach no vir spulle géif, an deenen ee sech wënscht, dass een awer net dohi gaange wier, wann een dann e Choix gehat hätt. Deen huet een allerdéngs net wierklech ëmmer. Et gëtt Momenter wou ee sech affere muss, wou een enzwousch higoe muss, wou ee vu vir era scho weess, dass et keng agreabel Sortie wäert ginn. An awer féiert kee Wee dolaanscht...
A genee op deene Plaze muss ee sech dann dacks Saachen unhéieren, déi ee guer net wësse wëll, déi een ni am Liewen hätt musse gewuer ginn an ouni déi een op mannst genee esou gutt schlofe kéint an der nächster Nuecht, wann net esouguer besser.
„The rest is silence“ sinn déi leschte Wierder am William Shakespeare sengem „Hamlet“. Eppes wat sech deen een oder anere gären emol méi zu Häerz kéint huelen. Heiansdo ass manner schwätzen nämlech méi. Méi agreabel fir deen, deen engem vis-à-vis steet, méi agreabel fir och fir sech selwer, well vill Leit iwwert d'Schwätzen dacks Saachen a Charakterzich vu sech verroden, déi se besser fir sech behale géifen an net mat aneren deele géifen. Aus deem Grond halen ech elo hei och op mat schwätzen... fir haut emol.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.