Apropos vum Sandra Mélan: Knippseritis

Fotoe maachen, also Momenter festhalen, déi wichteg sinn, maachen déi meeschte Leit. Bal all Geleeënheet festzehalen, féiert awer heiansdo ze weit.

Knips .... jo et ass gutt wann ee flott Amenter festhält, wei zum Beispill bei der Kanddaf, der Kommioun, der Hochzäit, ebe bei Familljefester oder wann engem säi Kand eppes Neies kann, wei goen, Vëlo fueren. Ech kéint där Beispiller nach vill opzielen.
De Smartphone hunn déi meeschten ëmmer dobäi. Da gëtt séier hei nach eppes geknipst, an do …Mee riskéiere mir net op déi Aart der Weis de Moment, ëm deen et jo eigentlech geet, am End Effekt ze verpassen? Wa mir eppes fotograféieren oder filmen, si mir jo dorop konzentréiert an net op dat wat wierklech virun der Kamera, also dem Smartphone, geschitt.
Mir ass et mol vir komm, datt ech duerno déi Szene déi ech gefilmt hat, nach eng Kéier hu misse kucken, fir dann och wierklech mat ze kréie wat geschitt war. Dofir hunn ech dëse Weekend, wéi mäi Meedche bei enger Kompetitioun mat gemaach hat, den Handy net an de Grapp geholl. Sou war ech mental ganz present.
Dat selwecht gëllt och fir déi Persounen, déi ier se ufänke mat iessen, fir d’éischt festhale, wat um Teller ass. Oder déi sëlleche Selfien déi een an de sozialen Netzwierker gesäit. Oder déi, e Concert durch den Handy kucken.
Alles dat gëtt doduerch begënschtegt, datt mir eben déi Méiglechkeet hunn, ëmmer an iwwerall Fotoen ze maachen, wou mir wëllen. Ier et de Smartphone a Co iwwerhaapt goufen, hu mir éischter zwee Mol iwwerluecht wat mir fotograféiert hunn. Mat de Filmer an de Fotoapparate konnt e maximal 36 Fotoe maachen. Wann de Film voll war, da war e voll. Ech ka mech nach u mäin éischte Fotoapparat erënneren: dat war een mat engem Disk dran.
Et wëll ee sech spéider un all dat erënnere kënnen, de Kanner oder Enkelkanner weisen, wei et deemools war. Dat ass jo och verständlech. Mee wéi mat allem, ass net och hei déi gëlle Mëtt, de bessere Wee? Villäicht solle mir mol heiansdo d’Momenter einfach genéissen an d’Kamera ausloossen. Un sech si jo déi schéinste Biller, déi déi mir am Kapp hunn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.