Carte Blanche vum Marc HostertLëtzebuerg: Eng "Économie d'Agglomération" agebett am global Village wéi an der Groussregioun

Zanter deene leschte Wochen ass eng Diskussioun am Gaangen, wéi vill a wat fir ee Wuesstem mir hei am Land wëllen. All 10 Joer kommen hei am Land esou vill Awunner derbäi, wei an der Stad Lëtzebuerg liewen. Ka Lëtzebuerg eleng eng Äntwert op dës Fro vum Wuesstem vun der Zukunft ginn? De Marc Hostert* mat e puer Iwwerleeungen zu dësem Thema.

Lëtzebuerg ass eng kleng, oppen, héichspezialiséiert Ekonomie, doriwwer eraus ass eis Ekonomie awer och ëmmer méi als eng "Économie d'Agglomération", deemno als eng urban Ekonomie ze gesinn, wou d'Entreprisë sech nidderloossen, fir vu sougenannten "Économies d'échelles" a vun der héijer villfälteger Vernetzung ze profitéieren.

D'Virdeeler vun den Entreprisen an enger esou genannter "Économie d'Agglomération" sinn am Fall vu Lëtzebuerg ënner anerem:

1. Accès zu op d'mannst zwee grousse Mäert; dee vun der Groussregioun esou grouss wéi Schweden mat 13 Milliounen Awunner, an dee vun der Europäescher Unioun.

2. E groussen Aarbechtsmaart, wou héichforméiert Mataarbechter mat engem grousse Wëssens-Pool sinn.

3. Niddereg Transport-Käschte fir Persounen a Gidder.

4. An en héije Spezialiséierungsgrad.

D'Nodeeler vun enger ëmmer méi "urbaner Ekonomie" sinn déi, déi mir all am Alldag erliewen:

- héich Land-Präisser;
- e Manktem u Reserve-Flächen;
- vill Stau an deelweis iwwerfëllten ëffentlech Infrastrukturen;
- an en immense Besoin, fir d'Kompetitivitéit héich ze halen an e groussen Drock op eis Ëmwelt.

Spezifesch fir eng "Économie d'Agglomération" wéi Lëtzebuerg kënnt nach derbäi, dass d'Influenz vun eiser Ekonomie bis wäit an eis Nopeschlänner erareecht mat alle Vir- an Nodeeler. Mir leien zesumme mat der Groussregioun an engem Bett.

Dobäi kënnt, dass mir och vun de Reegelwierker, vum "global Village" deemno, vun der EU a vun internationalen Traitéen hei am Land profitéieren an déi respektéiere mussen.

Eis géigesäiteg Ofhängegkeet mat der Groussregioun a mat der EU ass enorm. Eis Ekonomie huet sech an de leschte Joerzéngte massiivst am internationale Geflecht integréiert an entwéckelt.

Parallel dozou hunn all Bierger an der EU eng duebel Nationalitéit kritt, déi europäesch an déi nationalstaatlech.

Ech wëll elo net Nolauschterer, mat enger Nostalgie fir e Lëtzebuerg, wat sech selwer eleng hëllefe kéint, widder de Kapp stoussen, mä ech erlabe mer awer d'Fro ze stellen, ob mir op eisem klengen Territoire iwwerregional Erausfuerderunge wéi Logement, Infrastrukturen, Trafic, Educatioun, Ëmweltschutz eleng léise kënnen? Oder musse mer eis net bewosst ginn, dass mer eng "Économie d'Agglomération" sinn an och deemno handelen an am spezifesche Fall vu Lëtzebuerg heescht dat, iwwert d'Grenzen eraus agéieren, fir dass mer all zesumme weider vun enger positiver ekonomescher Entwécklung profitéieren ze kënnen?

Dat heescht, dass mer konkret no neie Modeller, enger Uerdnung, vun der Zesummenaarbecht vum Ginn an Huele mat eisen Nopeschregioune musse sichen. Esou Zesummenaarbechten tëschen enger "Économie d'Agglomération" an hirer Peripherie gëtt et der vill an ekonomesch Modeller bestinn. Et gëtt awer nach keng mat enger grenziwwerschreidender Komponent tëschent verschiddene Jurisdiktiounen.

Dëst ass déi grouss Erausfuerderung, déi an der nächster Zukunft muss ugaange gi fir Berlin, Bréissel, Paräis an d'EU vun neie Modeller vun enger Zesummenaarbecht an der Groussregioun ze iwwerzeegen.

* De Marc Hostert ass Ekonomist a schafft op enger europäescher Institutioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.