Carte Blanche vum Gilles HempelBaulücken 4.0

Zu Lëtzebuerg ginn et laut enger Etüd vum LISER bal 1.000 Hektar sougenannte Baulücken. A senger Carte blanche presentéiert de Gilles Hempel eis een innovatiivt Konzept, wéi dorop kuerzfristeg neie Wunnraum kéint geschafe ginn.

© RTL (Archiv)
D’lescht Woch war an der Chambre dee groussen Débat d’Orientation iwwert de Logement. An do gouf et ee Konsens op ganz ville Punkten. Zum Schluss hunn souguer déi 4 grouss Parteien zesummen eng Motioun gestemmt.

Dissens gouf et am Fong just bei deene méi haarde Mesuren. Virun allem beim Thema Expropriatioun. Déi eng fannen sou eng Mesure sympathesch an déi aner si strikt duergéingt. Wat ass méi wichteg? D’Gemeinwohl oder de Schutz vum individuellen Eegentum. Doriwwer sinn se sech net eens an der Chambre.

Mee et gëtt jo ëmmer nach een drëtte Wee.

Wat zum Beispill leerstehend Wunnengen ugeet, huet de Prinzip vun der Gestion Locative Sociale an de leschte Jore gewisen, dass ee mat engem interessanten Angebot oft méi weit kennt, wéi mat repressive Mesuren. Och ouni Taxen si vill eidel Wunnengen op de Marché komm. Interessant Garantien a steierlechen Avantagen hunn vill Proprietairen dozou beweegt, hier Wunneng net méi eidel stoen ze loossen, mee iwwert eng sozial Organisatioun ze verlounen.

Kéint een dee Prinzip dann net och op eidel Terrainen uwenden?

Mir hunn hei am Land vill Proprietairen, déi ee gudde Grond hunn hiren eidelen Terrain am Moment net ze verkafen. Firwat net och deenen eng interessant Offer maachen? Et kéint ee jo higoen an déi Terrainen einfach fir en puer Joer lounen a provisoresch een Haus drop setzen. Natierlech kee klassescht Haus aus Bëtongszille mat engem decke Fundament. Mee ee Gebai, wat ee schnell rëm kann ewechhuelen. Am Modulbau ginn et mëttlerweil ganz flott Produiten, déi schnell op an och rëm schnell ofgeriicht kënne ginn. An déi och kee Fundament brauchen. Et muss een se just dohistellen an uschléissen. An scho kann eng Famill dra wunne goen. Soulaang bis de Proprietaire vum Terrain eppes anescht wëll domat maachen. Dee Moment kann een dëse Module rëm ewech huelen an op enger anerer Platz rëm opriichten. Fir déi bal 1.000 Hektar Baulücken hei am Land wier dat een interessante Modell an en passt och nach an d’Logik vun der Economie Circulaire.

Natierlech misst de Staat esou ee Modell finanziell ënnerstëtzen an och hei deene Proprietairen ee steierlechen Avantage zougestoen. Mee och d’Gemenge misste matspillen an déi Modulhaiser als provisoresch Constructioun ugesinn, wou ee keng klassesch Baugeneemegung brauch. An et misst sech nach een Acteur fannen, deen dat well ëmsetzen.

Mee iwwert dee Wee kéint ee ganz schnell, vill Wunnraum schafen an dat ouni engem eppes ewechzehuelen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.