Lieserbréif vum Marie-Andrée FaberEch si frou, eng Fra ze sinn

Den 8. März ass den internationalen Fraendag .

Schon Wochen virdrun huet den Ministère de l'Egalité des Chances mat der Mme Mutsch un der Spëtzt dofir Reklam gemach.

Si sin an d'Schoulen gang an hun déi Jonk encouragéiert géint d'Stereotypen virzegon, an d'Mauer vun den Virurdeeler ofzerappen.

Et stëmmt, dat a muencher Länner d'Fraen nach géintiwer den Männer benodeelegt sin, an Traditiounen wéi d'Genitalverstümmelungen sollen onbedengt ofgeschafft gin.

Ech fannen et och gut, dat d'Fraen haut wielen kënnen, an vis-à-vis vum Mann mündeg a gleichberechtegt sin, dat hinnen an eiser Gesellschaft all Diren opstin, vir ze studéieren, an deen Beruf ze ergreifen, deen hinnen zouseet, an et ass nëmmen gerecht, dat se dofir och datsëlwecht verdëngen.

Mee domat huet et sech !
Mech stéiert dén iwerdriwenen Feminismus, deen weit iwert d'Ziel erausschéisst.
Ech sinn fir den Choix vum Familienliewen.

Duerch mein Liewenslaf sin ech wuel an der richteger Positioun mir eng Meenung ze bilden, well ech kennen déi zwou Seiten:

Ech hun studéiert, hun Héichschoulofschloss, a war jorelang Vollzeit am Unterrichtswiesen täteg. Wéi meng 5 Kanner kleng waren, wor ech Mamm an Hausfra.
Spéider hun ech nach eng weider Ausbildung gemach, an hat eng Deelzeitarbecht.

Ech hun deemno zeitweileg genau dem Cliché KKK d.h. Kichen, Kanner a Kirch entsprach, géint dat d'Mme Mutsch wëllt virgoen, an,stellt iech viir...ech war glëcklech, an meng Kanner och !!

Ech fannen, dat alles, wat iwerdriwen ass, riskéiert an den Géigendeel, an an d'Lächerlechkeet auszearten. A genee dat trëfft a mengen An op vill Bestriewungen zou, déi een haut am Bereich vum Feminismus bei eis, an am Ausland fënnt :

Neen, ech passen net an der Madame Mutsch hiren Cliché, a wëllt ni eng Quoten- oder Powerfra sin, mee nëmmen duerch meng ganz perséinlech Fähegkeeten eppes erreechen.

Dofir sin ech och dergéint dat en Meedchen onbedengt soll encouragéiert gin, en Sport ze bedreiwen, oder en Beruf ze ergreifen, nëmmen well déi soss en Männerdomaine waren.
Et soll man, wat him Spaass mecht.

Virwat déi kënschtlech Gleichmacherei, wann grad meng weiblech Eegenschaften an engem Team bereichernd sin ?

Ech sin gèr eng Fra.

Ech man mech gèren schéin, a freen mech iwert en léift Kompliment, an ech schätzen un engem Mann seng Manéieren a seng Opmierksamkeet, wéi z.B. D'Dir ophalen, an den Mantel hëllefen, den Stull rausrëcken, oder den Virtrëtt lossen, no dem Motto:" Ladies first", an dat ech net ëmmer muss staark sin.

A mengen An ass dat ongebuerend Liewen, dat aus der Léift tëscht Mann a Fra entstanen ass, en Geschenk, an ech gehéieren net ze denen, déi jeitzen: Mein Bauch gehört mir

Ech fillen mech gut a mengem ugebuerenen, biologeschen Geschlecht, an hat ni d'Bedürfnis en anert sozial Geschlecht ze wielen, an et ass menger Meenung no direkt onverantwortlech schon kleng Kanner mat esou Idee'en duercherneen ze brëngen.

Et kann een alles iwerdreiwen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.