Carte Blanche vum Justin TurpelDe Kapitalismus léisst sech net reforméieren!

Kann de kapitalistische Gesellschaftsystem verbessert a méi human gemaach ginn? – Déi Fro stellt de Justin Turpel, fréiere Gewerkschafter an Deputéierten vun déi Lénk a weiderhinn Aktivist fir sozial Gereechtigkeet a Mënscherechter.

D'Carte Blanche vum Justin Turpel



Et soll een d’Saach kloer beim Numm nennen: Déi Gesellschaft, an där mir liewen, ass eng kapitalistesch Gesellschaft! Jidderee weess et, mee kaum ee seet et ... Et misst ee sech jo soss d’Fro stellen, wat ass dee Kapitalismus, wéi eng Auswierkungen huet en op Mënsch a Natur.

Kapitalismus heescht Striewe no Profit, egal wat et kascht, verbonne mat mat immensem mënschleche Leed an enger ëmmer méi massiver Zerstéierung vun Natur an Ëmwelt. Mat Millioune vu Leit, déi vun Honger stierwen, wärend eng kleng Minoritéit onendlech räich ass, an nach ëmmer méi räich gëtt.

Am Kapitalismus vum 21. Joerhonnert drängt eng kléng Elite vu Kapitalbesëtzer, vu Finanzoligarchen, der ganzer Welt hir Muecht op, an dat méi staark, méi ëmfaassend, wéi jee e Keeser oder Kinnek dat konnt.

De Jean Ziegler, Schwäizer Soziolog an Auteur vu ville Bicher zu deem Thema, seet et riicht eraus: De Kapitalismus muss zerstéiert ginn, ier en onse Planéit zerstéiert! An: De Kapitalismus léisst sech net reforméieren! Grad wéi de Sklaventum, deen 48 Millioune Mënschen deportéiert an entmënschlecht huet, net méi human gemaach oder verbessert konnt ginn. Dee System huet missen zerstéiert ginn a verschwannen, seet de Jean Ziegler. Och de Kolonialsystem, deen onendlecht Leed op der Welt geschaf a just wéineg Leit immens räich gemaach huet, konnt net just verbessert ginn. An esou – de Jean Ziegler weider – ass et och mam Kapitalismus. Et ass grondsätzlech onméiglech sou ee Gesellschaftssystem ze reforméieren, e System, dee Bëscher, Waasser a Klima zerstéiert an de Mënschen Krankheet, Honger an Kricher bréngt.

Mënsch a Natur sinn haut amstand, genuch ze produzéieren, fir bal duebel souvill Mënschen ze ernären, wéi der op dëser Welt liewen; trotzdeem stierft all 4 Sekonnen ee Kand ënner 10 Joer un Honger. Dat ass Mord, seet de Jean Ziegler! 2 Milliarde Mënschen – also bal all drëtten – huet keen Zougang zu propperem Waasser, wärend e puer Multien sech dat Waasser fir hire Profit uneegnen. Bal de ganze Räichtum deen op dëser Welt geschaf gëtt – 87% dovun – geet an d’Täsch vun deenen räichsten 1%.

Vill Leit hu sech an enger Nisch ageriicht, wou et hinnen – vis-à-vis vun aneren – relativ gutt geet. Mee och si wäerten op d’Dauer net vun den Auswierkunge vun Ëmweltzerstéierung a Krich, oder vun enger vun de nächsten Wirtschaftskrisen verschount bleiwen. D‘Majoritéit vun de Mënsche leiden ëmmer méi ënnert der kapitalistescher Profitwirtschaft. Iwwerall op der Welt kämpfe Leit fir d’Iwwerliewen a fir eng besser Welt.

Vill Asaz vun den Aarbechter an Aarbechterinnen, Gewerkschaften, Jugendlechen, Fraen, ënnerdréckte Minoritéiten, hunn et erlaabt, d’Leed op dëser Welt e Bëssen anzeschränken. Trotzdeem musse mir ons bewosst ginn, datt d’Mënschheet nëmmen dann eng Zukunft huet, wann si sech fräi mécht vun all Zort vun Ënnerdréckung.


*Fréiere Gewerkschaftler an Deputéierten vun ‘déi Lénk’, a weiderhin Aktivist fir Mënscherechter a sozial Gerechtegkeet

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.