Lieserbréif vum Mil LorangEpilog zur Aweiung vum Shoah-Denkmal

Am Kader vun der Aweiung vum Shoah-Monument ass an enger Rei Online-Kommentaren de Virworf ugeklongen, d'Regierung géif mam Shoah-Denkmal eng Hierarchiséierung vun de Krichsaffer bedreiwe bzw. ass d'Fro ëmmer nees opgeworf ginn: "Firwat en Denkmal fir d’Judden?", an net fir all Krichsaffer. Eng Madamm huet mech esou guer Owes, wéi d'Monument opgeriicht ginn ass, gefrot, firwat net en Denkmal fir d'Paschtéier, Zeuge Jehowa, di Homosexuell, etc.

Iwwer esouvill Ignoranz oder Béiswëllegkeet - wéi een et wëllt nennen - kann een nëmmen de Kapp rëselen. Wéi vill Monumenter gëtt et am Land, déi den Zwangsrekrutéierten oder der Resistenz gewidmet sinn? Säit 73 Joer kënnen dës Affergruppen an der Ëffentlechkeet joeraus, joeran hiren Doudege gedenken. Elo gëtt sech säit e Puer Joer och emol un eng drëtt grouss Affergrupp vu Lëtzebuerg erënnert, déi bis viru kuerzem am nationalen Narrativ iwwer den Zweete Weltkrich kaum virkomm ass; elo ginn och emol Initiative ronderëm d'Shoah geholl, dem gréisste rassistesche Crime, dee jeemools op europäeschem Buedem stattfonnt huet a vun deem eist Land mat 1.300 Doudesaffer direkt betraff ass, an elo schéngt dat verschiddene Leit schonn ze vill ze sinn.

D'Judde vu Lëtzebuerg sinn als Minoritéit vum Nazi-Okkupant op lëtzebuergeschem Territoire ausgegrenzt, stigmatiséiert, aus dem ëffentleche Raum "entfernt" ginn, entmënschlecht an dunn a groussen Zuelen deportéiert gi, fir ermuert ze ginn. Bei soss kenger Lëtzebuerger Affergrupp war dat de Fall.

Dass an de KZer all Prisonéier a soss Internéierter hu missen eng Markéierung un hirem Sträflingskostüm droen, dat stëmmt. Awer nëmmen de Juddestär an de brongen Dräieck, deen d'Sinti a Roma hu missen an de Lageren droen, waren en eendeitegt Doudeszeechen. Och wann ee keng Hierarchiséierung vun den Affer vum Nationalsozialismus däerf zouloossen, sinn awer verschidde Vergläicher onhaltbar. Mindestens, wann een an de Fong vun der Saach geet.

Mä esou Leit, déi dat maachen, manifestéieren sech ëmmer wann et op iergendengem Gebitt ëm Judde geet. Dann dauchen nees di joerhonnertenal Clichéen op. Ewéi wann di europäesch Juddeverfolgung vun de leschten 1.000 Joer (fir emol nëmme bis op d’Kräizzich zréckzegoen), bei verschiddenen Europäer eng Aart vun “anti-jüddeschem Gen” produzéiert hätt!

Fir et nach eemol kloer an däitlech ze soen: d’Judde waren eigentlech keng Krichsaffer. Si waren Affer vum Nationalsozialismus, Affer vun enger total verréckter Rassepolitik. Si sinn ermuert gi just nëmme well si Judde waren, oder vum Nazi-Regimm als sollech consideréiert gi sinn. An der jüddescher Traditioun gëtt et nëmmen zwou Manéiere fir Judd ze ginn: (1) et gëtt ee vun enger Fra gebuer, déi Jiddin ass, oder (2) et léist een sech zum Juddentum konvertéieren. Fir d’Nazie war een awer Judd wa bis zu de Grousselteren een Deel jüddesch war, och wann ee schonn als Chrëscht gedeeft war.

Ofschléissend: Et ass scho gesot ginn, d'Shoah-Denkmal soll e "Mahnmal" si géint d’Crimme géint d’Mënschlechkeet, géint Antisemitismus, Rassismus a Genoziden.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.