Lieserbréif vum Georges BechetD'Lann vu Reiland - e Monument National ass ewechgerappt ginn ewéi Onkraut!

Si stoung iwwer ongeféier 250 Joer an direkter, fir net ze soen intimer Noperschaft vun der Kapell an huet dem Duerf säi Cachet ginn.

Zanter e puer Deeg (ca. 20.10.2018) ass si ganz einfach net méi do! Am Kader vun dem Amenagement vun der Strooss huet si mussen dru gleewen oder stécht nach eppes aneschtes derhanner? Vun engem Dag op deen anere gouf si „beim A...“ ewech gerappt.

Dobäi stoung si awer zanter 1974 um inventaire supplémentaire vun de monuments nationaux (arrêté ministériel vum 29.3.1974), d.h. si war gesetzlech geschützt an hätt nëmme mat enger „autorisatioun ministérielle“ dierfen ewechgemaach ginn. Et ass unzehuelen respektiv, et ass gewosst, dat déi net do war. Dat heescht et gëtt sech einfach (ma , wén dann?) iwer gesetzlech Bestëmmungen ewech gesaat an e Monument vun engem Bam ewech gemaach, ewéi wann et Onkraut wier! Firwaat dann nët och direkt d’Kapell ewech maachen? Déi stoung jo och an de Féiss! Hei kann én nëmmen soen, dat Barbaren um Wierk waren, déi ké Gefill fir d’Schéinhét vun där Unitéit Kapelle/Lann haaten, déi jo awer iwer 250 Joer bestaanen huet. Si  ass anscheinend am Joer 1760 vun der Braut geplanzt gin, déi op dén Haff abestued gouf an de Bémchen direkt niewt d’Haffkapelle geplanzt huet. Iwer méi ewéi 200 Joer war si e wichtegen Dél vum Duerf. Si gouf dann och an dem Buch „Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg (2002, ANF a natur musée) virgestallt mat enger schéiner Photo.

Dun hat si och nach hir ganz Kroun. D’Haptaescht si leider durch e Sturm am Joer 2004 esou beschiedegt gin, dat si hu missen ewech gemaach gin. Si huet duerno awer nés schéin ausgeschloen an hät wuel och dann nach gut geliewt, wa scho laang ké méi wéss, dat déi, di dat doen an d’Wé gelét hun, jémols op der Welt waren. Mat enger Stammhéicht vun max. 5m war si och keng Gefoor fir irgendén op dëser klenger Duerfstroosss. „Si war faul“, natiirlech war si faul, ewéi vill aal Bém, besonnesch Lannen an dém Alter. Et war awer wuel nach genug Holz drun fir dé kurze Stamm an der Riicht ze haalen. Dovun ofgesin krit och nët jidderén de Kapp erof geschloen, dén e faulen Zannt huet. Wier déi noutwendeg autorisatioun ugefroot gin, dann hät dat jo och nach méi gené kënnen ënnersicht gin. Aaner Gemengen a Stiedt sin houfreg op hir aal Bém a maachen alles fir si esou laang ewéi méiglech ze erhaalen. Hei war –schengt ët -kén houfreg an de Bam gouf behandelt ewéi Onkraut. Mir hun där Bém jo anscheinend och nach esou vill!

Déi Kapelle mat der Lann huet iwregens hir égen Kadasterparzell, déi awer zum Haff niewendru gehéiert. Ass do zousätzlech d’Propriétéitsrecht verletzt gin?

Et ass ze hoffen, dat déi zoustänneg Ministären (Développement durable a Kultur an hir Verwaltungen ANF a SSMN) där Saach nogin. Ech si mir secher, wann d’Kapell ewech gerappt gi wier, da géif dat geschéien. Firwat sollt et bei  engem Bam, dén als monument national klasséiert ass, aanescht sin?


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.