Commentaire vum Nico GrafDie Hesse kommen

"Erbarmen, zu spät, die Hesse komme", hunn d'Rodgau Monotones gesongen, 1984. D'Hesse si gëscht komm an hu gewielt an den Nico Graf mengt a sengem Commentaire, déi Hesse wieren awer net esou singulär wéi een denke kéint.

Die Hesse kommen: Commentaire vum Nico Graf



Kuckt een op déi hessesch Zuelen, da sinn et eben déi Zuelen, déi ee frappéieren. Wéinst der Similitude mat de Lëtzebuerger Zuelen. Ugefaang mat den C-Parteien. D'CDU läit doiwwer bei 27%, eis CSV bei 28%, iergendwéi genee datselwecht an et bedeit, datt déi Chrëscht-Konservativ op manner wéi en Drëttel vun de Stëmme reduzéiert gi sinn, an Hessen op ee Coup, e Minus vun 11 Punkten, hei am Land peu à peu a relativ onerwaart. Mat der wierklech notabeler Differenz, datt déi an Hessen vun der Regierungsbänk erof verluer hunn, iwwerdeems d'CSV aus der Oppositioun eraus verluer huet. Datt eng Regierung verléiert, ass éischter normal – wann et net esouvill wier: Datt awer d'Oppositioun och verléiert, ass katastrophal. Dat mierkt ee besonnesch gutt, wann een sech bei Sozialisten a bei de Sozialdemokraten ëmkuckt. D'SPD verléiert an Hessen ronn 11 Punkten – aus der Oppositioun eraus, dat eng Katastroph ze nennen, ass d'Ënnerdreiwung vum Joer, et ass Äerdbiewen an Tsunami mateneen. D'Verloschter vun eiser LSAP déi sinn do bal quantité négligeable. Wann do net erëm d'Similitude an den Zuele wier: Nëmmen nach 19,8% an Hessen, nëmme nach 17,6% bei eis. D'Sozen als Vollekspartei – dat ass eriwwer, op d'mannst wann een dem Wolter Misch seng Linn vun 20%-Plus als Miesswäert fir eng Vollekspartei acceptéiert.

Bei de Gréngen ass de Gläichschrack Teutonien-Lützelburg schonn Traditioun. An ech weess net, firwat dat esou ass. Mä elo alt erëm. Eis Gréng sinn nach net richteg fäerdeg mat Claude-Turmes-méissegem An-d'Luucht-Sprangen, scho musse se mat den hessesche Frënn weiderfeieren. Se kommen aus dem Bio-Drauwe-Jus net méi eraus, sinn elo a Bayern an an Hessen esou just – no Wolter-Reegelen – nach keng Vollekspartei, duerfir an Hessen awer eng 90 Stëmme virun der SPD. Déi sech wuel freet, wat mat hir geschitt, genee wéi sech eis Sozen sech dat schonn zanter Jore froen. An awer monter bal ëmmer matregéieren.

Tëschent Hessen an eis aneren gëtt et awer zwou grouss Differenzen: Bei hinne sinn d'Riets-Populisten zack an de Landtag komm, bei eis sinn se net sonnerlech méi storek ginn. A bei eis sinn déi Liberal traditionell relativ staark, doiwwer krauche se ëmmer ëm déi 5 bis 7%, emol unter ferner liefen, emol als Majoritéitsfabrikant.

Wat mech elo an Hessen frappéiert, dat ass, datt de Bouffier – den décke Verléierer – einfach weiderregéiere wëll, Mehrheit ist Mehrheit, an datt awer par konter seng Kanzlerin d'Konsequenzen zitt an als Parteipresidentin geet – den éischten offizielle Schrack vun der Kanzlerinnendämmerung, d'Merkel definitiv als schlamm Int, dorunner muss ee sech gewinnen. Och mam Vergleichsbléck op eis CSV, wou Wiseler, Spautz an Zeimet einfach net erlaabt kréien, konsequent ze demissionéieren.

Wat mussen d'Parteien elo maachen? An der BRD wéi bei eis Äntwerten op dräi Haaptfroe fannen, dës:

Firwat zersplittert d'Parteielandschaft?
Firwat leeft alles den Ament op déi Gréng zou?
A firwat sinn déi demokratesch Sozialisten esou schwaach?

D'Parteielandschaft zersplittert, well ëmmer méi no partikularen Interessië gewielt gëtt: Ech hunn eppes géint Auslänner, also wielen ech AFD an ADR – okay, dat war en einfacht Beispill.

Déi Gréng, déi si wuel esou staark, wëll se jonk eriwwerkommen a bei de Jonken extrem gutt ukommen a well se am beschte Wuertsënn konservativ sinn, dat heescht bekäppt hunn, datt alles näischt méi wäert ass, wann d'Liewensgrondlage vergëft sinn a verschwannen.

D'Sozen? Déi wierken einfach gro a verbraucht an onsexy. Si hunn op villes iergendwéi richteg Äntwerten, absënns haten se dat an Hessen, mä et déngt se näischt. Wie sech freet, firwat se net mä gewielt ginn, dee soll sech iwwerleeën, wéini e se fir d'lescht gewielt huet. Eben.

Wat bleift? Hüben wéi drüben ganz vill Mouvement, vill politesch Tektonik en marche, mä awer och ze soen, alles wëll bleiwen, wéi et ass: Eis Koalitioun regéiert weider, a Bayern koaléiert d'CSU mat sech selwer an och déi hessesch CDU päift kräfteg am Bësch a regéiert weider.

Nëmmen d'Merkel geet, esou hallef.

Déi grouss Changementer waren annoncéiert, se sinn am Gaang.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.