Lieserbréif vum R. F.Politesch Landschaft

Bis dato woar ech emmer en iwwerzeechten Wileler vun daer eenzeger Aarbechterpartei zu Letzebuerg, der LSAP.
Wann ech aawer kucken, liesen an heieren, fir waat des Partei an der Lescht steet an ewei se handelt, dreiht sech bei maer den Mo em!
D'LSAP schéngt nach net gemierkt ze hun, dass maer baal keng Industrie méi hun. Daat woaren déi iwwerzeegt Wieler vun der LSAP!
Ech ginn och d'Gefill net méi lass, dass déi rout nemmen frou sin, iwwerhaapt dobai ze sinn. Si hun keng iwwerzeegend Argumenter fir Letzebuerg no fir ze bréngen, sech nei op ze stellen, an eemol dofir ze suergen, eppes ze maachen, dass et dem klenge Mann vun der Strooss laangfristeg besser geet. Emmer mat schwammen an mat den groussen Henn pissen ze goen, daat ass keng Politik!
Wann ech divers Commentairen vun den Spetzelait bei der LSAP lauschteren an interpreteieren, an mat waat fir enger Arroganz se un d'Saach erugoen, dann froen ech mech, wou den Stolz vun daer Partei gebliwwen ass.
Politik ass bestemmt net einfach, aawer mat Transparenz fir d'Saach kann een villes erliichteren.
Lauschtert méi op d'Wensch vun aeren Bierger a Wieler, an haalt op iech geigesaiteg ze zerfleeschen.
Ech sinn der Meenung, dass sämtlech Parteien hei an do gudd Iddeen hun, firwaat ass et net méigleg, vun jidder Partei déi beschten Iddeen em ze setzen?
Et kann dach net meigleg sinn, dass d'Politik sech vun der Industrie an den Gewerkschaften alles dikteieren leisst! E Beispill ass hei den Tiers payant. Den Virschlaag vun der Regierung ass nidder geschmettert ginn, well d'Associatioun vun den Dokteren dogeint woar! Hei ass nees eng Keier net nom klengen Mann gekuckt ginn, sondern et huet een nees op „d'Oberschicht" gelauschtert.
Fänkt emol nees un Politik vir d'Vollek ze maachen, dann kennt daer an eng positiv Zukunft als Aarbechterpartei kucken, an dann waerten d'Bierger iech nees fir eecht huelen!

Mat frendlechen Gréiss

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.