Carte Blanche vum Georges Hellinghausen„Mënsch, du muss stierwen!“

Mer sti virun Allerhellgen an Allerséilen. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen



Allerhellgen an Allerséilen, d’Blieder, déi falen, d’Natur, déi sech op de Wanter preparéiert – alles erënnert un Doud a Vergoen. „Mensch, du musst sterben“, esou de Bach a senger Trauerkantate, och nach „actus tragicus“ genannt.

Nu verschwannen an eiser Gesellschaft ëmmer méi déi reliéis a sozial Riten, déi mam Enn vum Liewen ze dinn hunn – vun der pastoraler Begleedung vun alen a stierwende Leit oder hirer Famill bis zum Begriefnes ouni iergendwellech Zeremonien, wou Mënsche quasi just nach séier „entsuergt“ ginn; esou Fäll huelen zou. Et stierft een net méi, et verschwënnt een einfach.

Anonym Streeunge ginn ëmmer méi heefeg. Deen, deen äis léif war, dee gëscht nach gelieft, gelidden huet, bei äis war – knapps ass e fort, bleift näischt méi vun ëm Rescht. Keng Trace, keng Plaz, wou ech him nach begéinen, beschtefalls an der Intimitéit vun eisen Erënnerungen, eiser Memoire.

Dëst an engem gesellschaftleche Kontext, deen den Doud aus dem Bewosstsinn an aus dem Alldag eliminéiert huet; wou den Doud net méi zum Liewe gehéiert. Mer sinn am Zäitalter vum „oubli de la mort“. Vläicht si mer un enger „Zeitenwende“ ukomm. An der Geschicht vun de Kulturen huet de Mënsch sech doduerch ausgezeechent, datt e seng Doudeg net ouni Riten verlooss huet. De Mënsch ass deen, deen sech ëm seng Doudeg këmmert; dat huet ëmmer seng Humanitéit ausgemaach. Op Allerhellgen an Allerséilen geschitt dat am albewährte Kontext vu Kierfechtbesuch, Rëschte mat Blummen a Griewerseenung.

Anerersäits entsteet an eiser komplexer, pluralistescher Welt, nieft dem „oubli“ vun den Doudegen, eng nei Form vun Erënnerung, andeems d’Äschen op spezielle Plaze versuergt oder entsuergt ginn, wou se kënne visitéiert ginn; cf. den aktuelle Boom vu Bëschkierfechter, als eng Zort „jardin du souvenir“. Mä de Journalist Jean-Philippe de Tonnac schreift: „Pour autant, nous ne savons pas comment nous tourner vers ces morts que le feu a fait mourir une deuxième fois.“

Mir all traueren ëm eis Doudeg. Kee wäert dëser Erfarung ganz entgoen. Vill bauen drop, dass d’Zäit d’Wonne vun der Trennung automatesch heelt. Mä de Schock, e léiwe Mënsch verluer ze hunn, gëtt net spontan esou verquësst, d’Blat net einfach ëmgeschloe, wéi wann näischt wier, soubal de Sarg um Kierfecht begruewen oder an de Flame vergloust ass. Dann einfach zur Dagesuerdnung iwwergoen, geet am Reegelfall net.

Brauche mer net e Renouveau vun eiser Trauerkultur a vum Abschiedhuelen? Ëm eis Doudeg trauere brauch seng Formen a seng Zäit – Zäit och, wou een deen aneren tréischten an him bäistoe kann.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.