Apropos vum Guy SeylerMesdames, indignez-vous!

1919 haten zu Lëtzebuerg d’Frae fir d’éischte Kéier Walrecht.

Am selwechte Joer koum och eng éischte Kéier eng Fra an d’Chamber. De Grondsteen fir d'Gläichberechtegung war geluecht. Mee et gouf nëmme lues drop opgebaut. Et bleift nach vill ze maachen, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos
03/11/2018 Apropos Guy Seyler


Männer, déi am Haushalt mat upaken, Pappen, déi d’Wëndele wiesselen, oder dem Bébé d’Fläsch ginn, dat ass haut schonn Normalitéit. De Fait, datt ganz vill Männer Congé parental huelen, beweist dat.
Et ass also vill geschitt am Sënn vun der Gläichberechtegung. Trotzdem sinn ech ëmmer erëm entsat, wann ech héieren, datt Fraen a Männer fir déiselwecht Aarbecht ënnerschiddlech bezuelt ginn. An Däitschland geet rieds vu bis zu 22 % Ënnerscheed. Dat bedeit fir de Patron, datt Fraen 2 Méint am Joer gratis schaffen.
Nëmme ganz wéineg Frae packen et bis an d’Chefetagen.
Dobäi weisen Etuden, datt Fraen eng Beräicherung fir all Firma sinn.
Fraen hunn e besseren Ëmgang mat den Aarbechtskollegen. Si kënne Konflikter besser an éischter léisen, si kënnen nohalteg motivéieren. Frae sinn – dat wësse mir jo - multitasking, an hunn och e Plus an der Kommunikatioun.

Frae géifen och an der Politik e gesonden Ausgläich zur Männerwelt duerstellen. Leider hu just 12 vun hinnen et bis an d’Chamber gepackt.

142.000 Frae konnten e Walziedel ausfëllen. Dat sinn der 7.000 méi wéi Männer. Mat e bësse méi Solidaritéit hätten also méi Frae misste gewielt ginn. Well mat 46 % op de Lëschte waren déi dach net ze iwwersinn.

Frae musse léieren, datt keen hinne Muecht gëtt. Déi mussen si sech huelen, sot déi amerikanesch Actrice Roseanne Barr. Protestéiert an demonstréiert fir är Saach! Awer op de richtege Plazen.

Zu Köln sot elo kuerz en Islamist, eng Fra ouni Voile wier onmoralesch an dierft violéiert ginn. Ee Grond ënner villen, datt mir besonnesch an dësen Zäiten all weisen, datt Mann a Fra bei eis déiselwecht Rechter hunn.  An datt mir déi och ëmsetzen. An der Politik, an der Relioun, am Beruff, an der Famill. Kuerz iwwerall.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.