Commentaire vum Nico GrafMerkel geet

Doiwwer an Däitschland preparéiere se sech elo drop, datt d'CDU eng nei Spëtzt kritt. An am Fong och drop, datt d'Angela Merkel als Kanzlerin Äddi seet. E Commentair vum nico graf.

Commentaire vum Nico Graf



Wat a Fäll wéi deem do wierklech hëlleft, dat ass aner Medien liesen/lauschteren/kucken wéi déi däitsch. An zwar fir dat, wat doiwwer lass ass méi déif ze hänken. A wann een awer nach Loscht huet, et héichzehänken, dann op déi richteg Plaz.

International gekuckt gëtt et den Ament esou schrecklech vill an esou vill Schreckleches, datt d'Nouvelle, d'Merkel wéilt net méi Presidentin vun hirer CDU sinn, nu wierklech eng Klengegkeet kéint genannt ginn.

Wat hu mer? A Nord-Amerika priedegt e Macho, en topege President, dee priedegt Gewalt an huet Succès dermat. Am gréisste Land vu Süd-Amerika wielen d' Leit - wielen d' Leit - e Faschist als President, e misogynen, homophoben fréieren Zaldot; an och hie priedegt Gewalt. A wann e genuch Polizisten, Agenten an Zaldote fënnt, déi him follegen, dann aarmt Brasilien, oder vill méi: aarm arem Leit a Brasilien. An Europa: e franséische President, deen ëmmer méi schwaach gëtt; an Italien regéieren irresponsabel Nationalisten; bal idem a Polen; idem an Ungarn; e Brexit, dee net geregelt ass, deen et eigentlech net dierft ginn. Flüchtlingen en masse ënnerwee.

An deem internationale Kontext also, seet d'Merkel, si wier vun elo un nach just eng hallef Portioun, eng hallef Portioun Muecht, eng hallef Portioun Iwwerzeegungskraaft, eng hallef Portioun Erpressungspotential, eng Kanzlerin, där vun elo un op der Nues gedanzt gëtt. Zu Berlin an zu Bréissel. Ugefaang mat der brutaler Reaktioun vun der Bourse: déi ass no hirer Annonce gëscht explodéiert, no uewen. D' Erliichterung, datt d' Merkel elo ophält, war iwwerall enorm an den UFF! Endlech! huet sech verstoppt hannert dem Unisono-Luef, wéi honoreg, seriö an däitlech si gesot huet, datt se geet. Ech hu keen, awer och keen een héieren, dee gesot huet, Schued, ech hätt gär mat hir weidergemat. Déi Reaktioun gouf et einfach net.

Et pour cause. Well deene Konservativen doiwwer war d'Merkel ëmmer schonn en Dar am A, wat soen ech, eng Pain in the ass. Ze vill Fra, ze vill Sozialdemokratin, ze vill Osten, ze onkloer, charismatesch nëmmen, wa Coiffeuse, Maquilleuse, Riedeschreiwerin an Imageberoderin extrem gutt geschafft haten. D' Merkel huet dacks gezéckt a nogekuckt an ofgewaart. Par conter huet si heiansdo séier spannend Decisiounen geholl: datt déi houere Preisen den obligatoresche Militärdéngscht ofschafen; datt no Fukushima d'Atomzentrale sollen ausgeschalt ginn; datt se dat mat de Flüchtlinge packe wollt; datt se homosexuell Bestiednesser op de Wee bruecht huet – Decisiounen, déi dacks ënner Drock an zack an och zoufälleg geholl gi sinn, déi dacks handwierklech schlecht gemat a preparéiert waren an déi eng Suite haten: déi Konservativ an hirer Partei a baussent där sinn ëmmer méi rose ginn. A méi staark. An si verléieren elo hire léifste Feind: d'AFD huet Ursaach ze traueren. Well alles wat elo un d'CDU-Spëtzt an an d'Kanzleramt komme wëll, ass méi konservativ, méi riets, méi national wéi d' Merkel jee war. Retour de manivelle à droite wéi iwwerall an Europa. A virdrun eng parteiintern Drôle de guerre an Diadochekämpf, ier alles gekläert ass. An dat an der internationaler Situatioun, déi esou ass wéi se ass. Langweil a Stabilitéit ware jorelaang d'Alleinstellungsmerkmal vun der BRD. Dat ass elo eriwwer.

An dann nach eng Foussnout: an engem butzege Land fanne grad Koalitionsverhandlunge statt, an enger zersplitterter Parteielandschaft, wou awer e pur Klenger sech zesumme géint e konservative Goliath wieren. Eng Petitesse, eng interessant. Déi dobausse keen interesséiert.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.