Carte Blanche vum Robert DennewaldKeen entreprisëfrëndleche Walkampf

De Robert Dennewald, Éierepresident vun der FEDIL, mécht sech Suergen iwwert eng Rei vu Moossnamen, déi den Ament an de Koalitiounsverhandlungen zur Debatt stinn an déi eng grouss Belaaschtung fir d’Betriber an fir d’Land bedeite kéinten.

Carte Blanche vum Robert Dennewald



D’Entrepreneure si frou, datt d’Walcampagne elo endlech eriwwer ass an datt ons Politiker no den Interessie vun onse Betriber kucke kënnen, an domat och vun onser Gesellschaft, well et si jo d’Entreprisen, déi gemeinsam mat hire Mataarbechter fir de Wuelstand an onsem Land suergen.

Et kann een net soen, datt de Walkampf onbedéngt entreprisëfrëndlech ofgelaf ass. D’Suerge vun de klengen a mëttelstännege Betriber a vun der Industrie goufe quasi net diskutéiert.

Elo muss een d’Hoffnung hunn, datt de Koalitiounsaccord eng Lanz fir d’Betriber brécht, déi jo “à l’origine” fir e qualitative Wuesstem stinn.

Och wann een aus gesellschaftspolitesche Grënn mat alle Moossnamen am Beräich vun der Familljepolitik averstanen ass, muss ee bedaueren, datt et kee Versteesdemech fir eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit gëtt, och net bei der Politik. Dat ass net normal. D’Patrone wëllen a kënnen hiren Leit vill Aarbecht ginn, wann de Betrib vill Aarbecht huet, si géifen awer gär en Ausgläich fannen an deene Méint, wou aus konjunkturellen oder meteorologesche Grënn manner Aarbecht do ass.

Eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit op 38 Stonnen an der Woch wäert bestëmmt de Verkéiersproblem zu Lëtzebuerg net léisen, mä am Contraire zu méi Verkéier op onse Stroossen feieren, well mer dann 5% méi Frontaliere brauchen, fir déi selwecht Produktioun ze fueren, wann net gläichzäiteg an an der selwechter Proportioun Produktivitéits-Gewënner entstinn. Ons Personalkäschte steige gläichzäiteg em 5% an d’38-Stonne-Woch gëtt en organisatoreschen Albdram fir d’Betriber, déi op Schichte schaffen.

Dat Selwecht gëllt fir d’Aféierung vun enger sechster Congéswoch.

D'Erhéijung vum soziale Mindestloun wäert och net, entgéint der Meenung vun de falsche Prophéiten aus der Politik, zur Léisung vum Logementsproblem féieren, mä eng Verschlechterung vun der Kompetitivitéit vun de Betriber an enger Erhéijung vun der Inflatioun bedeiten.

Bedenklech ass, datt all déi populistesch Propositiounen aus dem Eck vun där Partei kommen, déi d’Wale kloer verluer huet.

Sollten déi zukünfteg Koalitiounspartner op dës onsënneg Virschléi aklammen, da misst ee sech dach seriö Froe stellen, wéi et ëm de Respekt vum sougenannte Wielerwëllen an dësem Land steet. Dat selwecht Bedenke wier ubruecht, wat de Verhandlunsréckgrat ugeet vun deene Parteien, déi angeblech d’Walen net verluer hunn an déi sech eventuell “Gambia zur Léift” op egal wat aloosse géifen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.