Tëscheruff vum Claude ZeimetzAlldagssexismus anno 2018

D'FGFC ass also gespaant op déi perséinlech Ausstralung vun hirer potentieller neier Ressortministesch. Bei engem Mann hätt een déi Formulatioun méi wéi sécher net gelies. En Tëscheruff vum Claude Zeimetz.

Tëscheruff vum Claude Zeimetz



Déi puer Zeilen, déi eis de Moien vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal erageschéckt goufen, si virun allem Ausdrock vun eppes, an zwar vun deem Alldags-Sexismus, deen nach ëmmer a méi Käpp verankert ass, wéi een heiansdo menge géif. Jo, et kann een als FGFC iwwerrascht sinn, datt den Dan Kersch, de fréiere Syvicol-President, net op sengem Posten weiderfiert. Dat war ech an éischter Etapp och. Ma den Aarbechtsministère ass fir de Vertrieder vum lénke Fligel vun der geschwächter Aarbechterpartei eng Opportunitéit, déi hie sech, virun allem en Vue vun der Zukunft vu senger Partei, wuel net entgoe wollt loossen.

A jo, d'Taina Bofferding iwwerhëlt keng einfach Charge. Beim Thema Gemengefinanzen, Fusiounen a CGDIS, vläicht souguer de Kierchefabrécken riskéiert dat lescht Wuert nach net geschwat ze sinn. Fir dann awer hinzegoen an an engem Communiqué wuertwiertlech ze schreiwen, et wier ee gespaant, "ob hir perséinlech Ausstralung, hir Kompetenz an hire Sachverstand", genee sou an där Reiefolleg, a fir da weider ze fueren, datt dëst - Zitat - "onverbrauchten a weiblech Gesiicht vläicht hëlleft, verschidde verkruste Sachlagen endlech no vir ze bréngen"; dat léisst dann awer déif blécken.

Nach ni hunn ech, sou wäit ech mech erënnere kann, sou eng Beschreiwung am Kontext vun engem männleche Regierungsmember gelies oder och héieren. De Communiqué vun der FGFC weist an deem Sënn virun allem eppes, als Fra, an dësem Fall och nach jonk Fra, gëtt ee fir unzefänken och haut am Joer 2018 vu verschiddene Säiten nach ëmmer net sou eescht geholl wéi engem säi männleche Pendant a virun allem riskéiert een nach ëmmer, op säin Ausgesinn reduzéiert ginn.

Ech héiere se schonn, sech an der Kaffispaus iwwert déi "jonk Maischen" freeën, déi an Zukunft wäert mat um Verhandlungsdësch sëtzen.

Dës Form vun ënnerschwellegem Sexismus ass, wéi de Communiqué vun haut weist, also nach ëmmer manifest. Mir sinn a punkto Chancëgläichheet nach laang net do, wou mer misste sinn a wou verschidde Leit mengen, wou mer scho wieren. An der Gesellschaft an, dat hu mer am Walresultat gesinn - just als Erënnerung: bei de Sozialisten huet keng Fra et direkt an d'Chamber gepackt -, och an de verkruste Parteistrukturen. Ech vertrauen an deem Sënn op déi nei jonk Fraen, datt se deenen anere weisen, wat an hinne stécht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.