Lieserbréif vum Mil LorangSozialwalen an de Prinzip vun der Lëschten-"Vermehrung"

An dësem Lieserbréif geet et ëm eppes wéineg Bekanntes, nämlech em e ganzt bizaart Demokratieverständnis vun enger Lëtzebuerger Gewerkschaft.

Den 12. Mäerz 2019 si Sozialwalen zu Lëtzebuerg. Dat heescht um betriblechen Niveau, dass an all Betrib vu 15 Salariéen a méi een oder méi Personalvertrieder vun der Beleegschaft gewielt ginn.

Um nationalen Niveau heescht dat, dass de Plenum vun der Chambre des Salariés (60 Representante vun de Salariéen, déi ënner engem privatrechtleche Statut schaffen, a vun de pensionéierte Salariéeën) duerch Bréifwal, bei där 500.000 Leit d'Walrecht hunn, erneiert gëtt.

Den 19. November sinn d'Lëschtennummeren am Aarbechtsministère ënnert der Autoritéit vum Staatsminister (deen awer net do war) gezu ginn. Den nächsten Dag huet den Aarbechtsministère d'Resultat per Communiqué matgedeelt. Do gëtt ee gewuer, dass 9 Gewerkschaften untrieden. An nämlech:

Lëscht 1: OGBL, 2: LCGB, 3: Aleba, 4: FNCTTFEL (Landesverband), 5: Syprolux, 6: NGL-SNEP, 7: NVGL, 8: CLSC, 9: SEA.

Wann een e bësse méi genee kuckt, da stellt ee fest, dass net 9, mä just 7 Gewerkschafte bei de Walen untrieden, obwuel 9 Nummeren accordéiert gi sinn.

Den LCGB krut d'Lëscht Nr. 2. Mä da gëtt et awer och nach d'Lëscht 8: CLSC an d'Lëscht 9 SEA. A wat ass dat? Eng "demokratesch" Kuriositéit! Nämlech operéiert den LCGB, ouni dass sech offensichtlech eis zoustänneg Instanzen doru stéieren, mat engem ongleeflechen Trick. Di chrëschtlech Gewerkschaft freet nämlech direkt 3 Lëschtennummeren un: eng mam Lëtzebuerger Numm a mat der Ofkierzung "LCGB", eng mat der franséischer Iwwersetzung vum Numm an der Ofkierzung "CLSC" (Confédération Luxembourgeoise des Syndicats Chrétiens) an eng fir d'Personal am Aviatiounsberäich "SEA". Bei SEA handelt et sech em eng intern Branche vum LCGB, déi a Wierklechkeet "LCGB-SEA" heescht. Hei fällt dann einfach den LCGB-Deel vum Numm ënnert den Dësch.

Si benotzen da bei de Walen di Lëschten a verschiddene Betriber fir d'absolutt Majoritéit ze ergatteren, z.B. bei der Cargolux, wou da beispillsweis op enger Kandidatelëscht (soe mer op der Lëscht 2 LCGB) nëmme Piloten drop sinn an op enger 2. Lëscht nëmme Vertrieder vum Buedempersonal, etc. Di aner Gewerkschaft, déi do untrëtt, muss natierlech eng eenzeg gemëschte Lëscht opstellen, an huet domat vill manner Chancen, dass di Lëscht gewielt gëtt. Well wann d'Pilote gesinn, dass op enger Lëscht nëmme Pilote sinn, da ginn si dervun aus, dass dat "hir" Lëscht ass an dass wann si déi wielen, d'Pilote vill méi staark an der Personaldelegatioun vertruede sinn. An esou weider.

Wann een dat elo géif op de politesche Beräich iwwerdroen, da géif dat esou ausgesinn: D'CSV geet an d'Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg mat 3 Lëschte vu Kandidaten ënner verschiddene Bezeechnungen: CSV, PCS (franséisch Ofkierzung) an z.B. PFC (Parti des femmes chrétiennes). Op der CSV-Lëscht sinn nëmme Kandidate mat al-lëtzebuergesche Familljennimm, op der PCS si Kandidaten drop mat méi nei-lëtzebuergesche Familljennimm (z.B. italienesch, portugisesch, etc.) an op der 3. Lëscht sinn nëmme Fraen. Wann d'Walen eriwwer sinn, maachen si eng Koalitioun mat sech selwer, a kommen eventuell op eng absolutt Majoritéit.

Wéi kléngt dat? Verréckt? Neen, fir d'Sozialwalen 2019 ass den LCGB nees mat dësem ondemokrateschen Trick duerchkomm.

Conclusioun: Mat all Respekt fir d'Membere vum LCGB, muss een sech awer Froe stellen iwwer d'Demokratieverständnis vun der aktueller Spëtzt vun där Gewerkschaft.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.