Lieserbréif vum Claude SoricelliEn Infirmier mécht op Mëssstänn opmierksam

léif Lieser an filläischt och Leit an der Verantwortung, et wees en jo ni:)) 

Ech komme grad aus enger Nuetsschicht an sin lo haut vollzeitPapa an versuergen momentan eis Kanner lo wou Mama och schaffen as haut den metten an dofir sin ech dankbar

Ech sinn elo sou gudd ewei 20 Joer Infirmier an der Palliativpflege an  seit 7 Joer an enger Klinik.Ech hat an menger Carrière déi wuel elo an der Halschent ass scho villes gesinn an hunn och fill Erfarungen dierfe Sammelen

De Wandel vun der Zäit mécht momentan dass eise Beruff sech verännert huet och a mengem Fachberäich.Et gëtt ëmmer méi verlaangt vun engem, et gëtt ëmmer méi gefrot an den Drock gëtt ëmmer méi Grouss.Sou grouss dass ech perséinlech schon an engem déiwe Lach louch an bal ni méi do eraus komm wier fir net soen och net méi wollt do eraus wann net eng Famill an kleng Kanner do wiere fir déi et dat Wäert war sech zesummenzerappen! 

Ze vill Suergen ech mech dorëms dass et eise Patienten,de Famillen, mee och den Dokteren an de Kollege gutt geet a mir kollegial an  Patienten orientéiert an Zilgerecht schaffen. 

Mee Viraussetzunge sinn net ginn.Elleng am mengem Fachberäich den ech mëttlerweil meng ganz berufflech Carrière kenne ginn et 5 Kliniksentiteiten an eng sellegen aner Initiativen oder Servicer.Eng grouss Organisatioun  di als asbl fungéiert as och am Palliativ Beräich täteg Mee et gëtt kee Plang fir d’Palliativmedezin hei zu Lëtzebuerg.Jidderee mécht et à  "sa facon" an di Leit di sech doran auskenne sief et op Institutionellem Niveau oder Nationalem Niveau ginn net wierklech gefrot.

Wisou gëtt et do keen Dach Verband an keng Beruffsorganisatioun oder eben en nationalen Plang

Natierlech ass et och ee Beräich den en Midd mécht an un di physesch an moralesch Substanz geet an dat Thema as net sexy an huet keng Lobby! 

Wann dat dann bei eis sou ass, wie ass et dann an den aneren Fachgebidder?Wuel net fill anescht, et gëtt wahrscheinlech kee Plang an keng Idee, jiddereen ass ze vill mat sech an mat sengem Ego beschäftegt bis op weineg Ausnahmen! 

Setzen di Saachen an de Raum well et net besser gëtt,eis feelen geschwënn och Leit souwuel an der Fleeg wien an der Medezin.Diskussioune ginn den Moment falsch gefouert an der Ëffentlechkeet 

Ze vill gëtt sech drop behaapt mir dokteren an Infirmier mussen all Lëtzebuergesch schwaezen  dat hun mer jo bei den leschten Wahlen gesin.

JO, natierlech mee gitt de Problem un der Wuerzel un, di puer lokal jonk di de Beruff nach leiere kréien et schwéier gemaach op puer Niveau’en,selwecht bei den Doktere souwäit ech dat matkréien.

Eis Gehälter goufen ugepasst, natierlech sin mir frou doriwwer an eis Carrièren sin ugepasst mee fir verschidde Leit ass et jo eh ze vill fir di "bëssen Arabescht" di mer veriichten

Aarbechtsbedingungen an och d’Opstellung vum Personal an de Kliniken oder den  Altersheemer muss sech radikal änneren.

Verschidde Kollegen Iessen,drénken an gi wärend enger Schicht och net op Toilette.

Di meescht soignant’en maachen Ofstrécher un SECH selwer fir den Niveau un der Fleeg héich ze halen an éierlech och net nëmmen aus Nächsteléift an suerg fir d’Wuel vum Patient mee OCH aus Angscht eppes ze vergiessen sief et um Patient oder während der Schicht an net korrekt ze dokumentéiere  fir net mat dem Berühmte Fouss am Prisong ze sinn!

Mir sprangen all an wann een fehlt,mir verleeën eisen Congé dass den Kolleg x oder den y och kann mat sengen Kanner an d’Vakanz an fir dass och all Schichte besat ginn.

Ech si mir sécher di meescht mann den Job gäre mee wie laang gëtt nach un eis „gedoktert „? Dat ganzt fällt geschwënn zesummen wie en Kaartenhaus.

Et gëtt gesot eng Gesellschaft moosst sech dorunner wie en mat senge  schwaachen an gebriechleche Leit em  geet an fir et léif auszedrécke beweege mer eis op engem schmuelen Grat am Moment well op fillen Plazen si mer schonn un de Grenze vum méiglechen an dat spigelt sech dann quam primum un där Populatioun erëm (Kanner,Aal Leit ,schwéier krank Leit )am Alldaag an den Altersheemer, Kliniken an am Domicile

ech geng mech Freen op kommentarer an op feedback

Dierf gäre gedeelt gin💪👌

claude soricelli

20. November 2018

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.