Tëscheruff vum Bill WirtzGilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?

D’Gilets jaunes hunn am Frankräich an an der Belsch fir vill d’Zerstéierung gesuergt, a gläichzäiteg eng wichteg Diskussioun iwwer de Niveau vun de Steieren ausgeléist. Een Tëscheruff vum Bill Wirtz.

© Facebook Bill Wirtz

Polizisten attackéiert, Autoen a Brand gestach, Stad paralyséiert: d’Gilets jaunes hunn zu Paräis an deene leschten Deeg hier Welle geschloen. Net nëmmen déi franséisch Haaptstad ass betraff, och am Rescht vum Hexagon an an der Belsch huet een Eskalatioune bei den Demonstratioune gesinn.

Tëscheruff vum Bill Wirtz



Et geschitt reegelméisseg, dass et zu Ausschreidunge kënnt, well Casseuren sech ënner friddlech Demonstrante mëschen: Dat delegitimiséiert ni d’Demonstratioun u sech, egal fir wat se asteet. D’Casseure musse bestrooft ginn oder de Schued ersetzen an den Demonstrante muss nogelauschtert ginn. D’Gilets jaunes musse ganz kloer sinn: Et ass net eis Politikstrategie, fir onschëllege Leit hir Autoen a Brand ze stiechen.

Sinn d’Suerge legitim? Natierlech sinn se dat. Jee nodeem wou een am Frankräich higeet, kascht de 95er Bensin bis zu 1,90 Euro. Dat ass fir Leit déi et sech net leeschte kënnen an der Proximitéit vun de Stied oder vun engem Zuch ze wunnen, déi jo och iwwerfëllt sinn, ee richtege Problem. “Den ëffentlechen Transport verbesseren” ass och keng Äntwert déi duer geet, besonnesch net a Länner mat dausende vu klengen Uertschaften, wou dann d’Investissementer a Milliounenhéicht wieren a Joerzéngten dauere géifen. Villäicht verschwënnt den Auto jo och eng kéier, mä fir Leit mat engem niddregen Akommes ass de Problem haut do.

D’Demonstranten hu Recht, dass d’Steieren an der Belsch an am Frankräich allgemeng ze héich sinn, mee d’Fro ass, ob si gewëllt sinn déi logesch Konsequenzen aus hirem Denken ze zéien. Et kann een d’Steieren dann erof setze, wann ee gewëllt ass, och iergendwou d’Ausgaben erofzesetzen. An nee, 15 Ministerpaien ze kierzen oder nach eng Super-duper-Räichesteier aféiere, geet do net duer, egal wéi oft een d’Zuelen dréit a kéiert. An a Länner, déi esou verschëlt sinn, wéi eis zwee franséischsproocheg Nopeschlänner, ass weider Prêt’en ophuele sozial ongerecht.

Wann d’Diskussioun konstruktiv an éierlech wëll sinn, da mussen d’Demonstranten, déi hir Iwwerzeegunge mat Passioun an Éierlechkeet ausdrécken, sech agestoen, dass ee System an deem all Joer méi Geld ausgi gëtt, net durabel ass.

Anescht komme mer nämlech op kee gréngen… oder giele… Nenner.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.