Tëscheruff vum Roy GrotzEng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….

Si bleiwen dynamesch an innovativ an hinnen ass net sou séier d'Loft ausgaangen, wéi der dat alt gemengt haten - d'Ekipp ëm de Staatsminister Bettel, mat sengen 2 Vize-Premierministere Schneider a Braz - d'Dräierkoalitioun huet sou richteg Gas ginn, eraus koum en Accord, mat deem d'Land soll weider reforméiert ginn. Aus der Spuer-Regierung gëtt eng vun der Kontinuitéit, mengt de Roy Grotz.

Den Tëscheruff vum Roy Grotz



Well d'Situatioun effektiv 2013 eng aner war, well effektiv huet missten e Spuerpak gestëmmt ginn a well d'Land deemools huet missten néideg sozial Reformen entaméieren. Vläicht hat ee sech e bësse vill viru 5 Joer virgeholl - aus Feeler léiert een - an d'Ekipp Bettel, Schneider, Braz ass erwuesse ginn a wëll näischt méi dem Zoufall iwwerloossen. Esou duerchorchestréiert war dann och schonn d'Kommunikatioun oder Net-Kommunikatioun wärend der Phas vun de Verhandlungen.

Eraus koum e Pak vu Reformen aus engem Goss. Jo, de Projet bleift ambitiéis, mä d'Erausfuerderunge vum Land mat Klimachangement, Working poor, permanente Stauen op de Stroossen, Buedemversigelung an enger Ekonomie, déi haaptsächlech um Standbeen Finanzplaz steet, hunn et och a sech. Duerfir huet sech d'Al-Nei Regierung och déi richteg Prioritéite gesat an zum Deel soll mat neie Käpp och eng nei progressiv Politik gemaach ginn. Dat ass och batter néideg, wat de Logement ugeet, d'Mobilitéit an natierlech strategesch Wäiche setzen, fir d'Ekonomie weider kompetitiv ze halen, well deen nächste Wirtschaftsknéck kënnt an da wëll ee preparéiert sinn.

U sech ass et bal komplett egal, wéi eng Käpp an de Ministère setzen, capabel si se dach alleguer a sech bewisen, hu se sech och all, fir deen ondankbaren Job vum Politiker ze maachen. Deenen engen am Land geet et ëmmer ze séier, respektiv ze lues, ze dynamesch oder ze verschlof - geknoutert gëtt ëmmer. D'Dräierkoalitioun soll de Courage hunn, hir annoncéiert Politik duerchzezéien. Op 240 Säite steet vill dran, keng Seechen oder Märercher, mä knallhaart néideg Reformen, déi wäit iwwert de Stadium vum Monitoring oder der Analys sollen entaméiert ginn. Eng CSV hätt mat egal wéi engem Partner sécher keng grondleeënd aner Prioritéite gesat - domat ass de Koalitiounsaccord inklusive Verfassungsreferendum och eng raisonnabel politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.