Tëscheruff vum Dany RasquéGéint een ass ni e gutt Zil

D'LSAP huet en Dënschdeg den Owend op engem animéierte Kongress, mat ganz grousser Majoritéit, fir de Koalitiounsaccord gestëmmt. Ausser dem Parteipresident Claude Haagen an dem Spëtzekandidat Etienne Schneider hate sech 21 Parteimemberen d'Wuert gefrot, fir ze soen, firwat si fir oder géint eng Regierungsparticipatioun sinn. Een Argument koum méi dacks a stéisst dem Dany Rasqué sauer op.

Tëscheruff vum Dany Rasqué



"Et ass eis historesch verdammte Flicht a Chance, fir d'Pafen eng zweete Kéier hannerteneen an d'Oppositioun ze schécken. Vu menger Säit ass dat sécher kee Jo fir Gambia 2, mä e groussen NEE fir d'CSV."

Sätz - wéi deen do, waren en Dënschdeg den Owend nawell méi dacks ze héieren an dat fannen ech schued. Dat ass a mengen Aen dat falscht Ziel.

Ech hunn net Wëlles elo e Plädoyer fir d'CSV ze halen, sinn awer der Iwwerzeegung, datt een net dierf Politik géint "ee" maachen, mä Politik FIR eppes sollt maachen.

Vun enger Regierungspartei erwaarden ech mer en aneren Niveau a Leit, déi en Dënschdeg den Owend just fir den Accord gestëmmt hunn, fir de Pafen eng auszewëschen, géifen net schlecht drun dinn, nach emol iwwert hir Ziler nozedenken.

D'Land weider no vir bréngen, weider gesellschaftspolitesch Reformen duerchzesetzen,  méi sozial Gerechtegkeet a sou virun. Dat sinn a mengen Aen déi eenzeg Argumenter, déi hei dierfen zielen an ech hoffen, datt sech elo dorop konzentréiert gëtt. An der LSAP ass genuch ze dinn - do geet et net duer, fir eng Hand mat unzepaken, do brauch jiddereen déi zwou - also ass et net, fir mat enger de "Pafen" de mëttelste Fanger ze weisen.

An da gëtt et nach eng zweet Saach, ee vun de Riedner - maach sinn, datt hien dat iwwerspëtzt wollt duerstellen - huet ënnerstrach, datt verschidde Leit an der Partei de Verfallsdatum erreecht hunn.

Dat huet deen een oder anere blesséiert an ech woe mol ze behaapten, datt d'LSAP - wa se just mat jonke Gesiichter an d'Wahe gaange wier, méi wéi 3 Sëtz verluer hätt an egal wéi grouss de Wëllen no Erneierung ass, de Stempel "ofgelaf" oder "fir op de Kompost", deen huet kee verdéngt, egal wéi vill Double-Face een op sengem Stull huet.

D'Parteispëtzt schéngt de Schoss jo och héieren ze hunn, huet weider Erneierungen ugekënnegt an der Partei an an der Regierung.

Dierf een also gespaant sinn, wéi e Minister als éischt Plaz mécht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.