Lieserbréif vum Tania HermanZum Sproochgebrauch vun eise Volleksvertrieder

Et berouegt ouni Zweiwel, dass  sech Leit mat Gläichgesënnte  an de sozialen Netzwierker iwwer dubiéis oder deplacéiert Aussoe vu Politiker ausloossen. An awer kënnt op eemol de Punkt, wou een sech däerf froen, wéi wäit en Deputéierten d’Recht huet beim Formuléiere vu senge parlamentareschen Ufroen ze goen.

Déi Terminologie, op déi een an zwou rezente QP vum Här Kartheiser ( ADR ) stéisst, ass erschreckend. An der QP vum 15.11.2018 un d’Familljen- an Integratiounsministesch  Corinne Cahen, freet sech den Här Kartheiser :

‘Deelt d’Regierung dem CLAE ( Comité de Liaison des Associations d’Etrangers ) seng Usiicht, datt de Wielerwëllen duerch Erzéiung oder Ëmerzéiung (sic!) vum Wieler an Zukunft esou gelenkt gi muss, datt hie méi Frae wielt ?’

Esou eng Wuertwiel stéisst engem dach ganz ellen op.

Domat net genuch !

Neimënster, a Collaboratioun ë.a. mam Zentrum fir politesch Bildung, huet an hirer Programmatioun en Theaterstéck : Ein Känguru wie du ( Mit Herz und Hirn gegen Vorurteile ), dat och fir Schoulklasse vum Cycle 4 geduecht ass.

Besuergten Eltere wieren un den Deputéierten erugetrueden an hätten hien zu enger weiderer parlamentarescher Ufro verleet.

A senger QP vum 3.12.2018 freet den Deputéierten den Educatiounsminister Claude Meisch,’ wéi vill Klassen(…) esou Stécker misse kucke goen’ ,an, ‘ ob et och virgesinn ass heterosexuell, traditionell an natierlech Familljen ze weisen, an deenen dee Liewensmodell positiv duergestallt gëtt ‘. Homosexualitéit ass deemno onnatierlech ?!

Et wier sécherlech interessant, méiglecherweis och erschreckend, gewuer ze ginn,wat dann den ADR vun erzéiereschen a kulturellen Alternativen ubidde wéilt, fir den traditionellen, heterosexuelle Familljemodell héichzehalen,Et bleift ze hoffen, dass vill Erzéiungsberechtegt a Léierpersonal  d’Kanner mat ville schwule Känguruen oder Pinguine konfrontéieren, fir datt aus hinne keng mënscheveruechtend a frustréiert Erwuessener ginn !

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.