Carte Blanche vum Anne-Marie HanffWat mir vum Liewensenn léiere kënnen

D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit, wou een d'Joer Revue passéiere léisst a sech besënnt op dat, wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff



Als Infirmière hunn ech net seele Leit an hir Familljemembere wärend dem Stierweprozess begleet. An trotzdeem kann ech soen, dass et eng wonnerbar Aarbecht ass. Et klengt iwwerraschend, mä et geet an esou Situatiounen oft net ëm d‘Krankheet an den Doud, mä ëm d‘Liewen.

Wéi sot déi englesch Doktesch an Infirmière Cicely Saunders: Et ass oft net dat Schlëmmst fir de Mënsch erauszefannen, dass ee gelieft huet an elo stierwe wäert. Dat Schlëmmsten ass, wann een erausfënnt, dass een net gelieft huet an elo stierwe wäert!

E britesche Physiker sot, dass d‘Liewensqualitéit sech doraus ergëtt, wéi vill vun den Erwaardungen erfëllt ginn. Fir glécklech ze sinn, misste mir deemno eis Erwaardungen erof- am Plaz eropsetzen. Well bléiwen dës onerfëllt, mécht et eis onglécklech.

D’Liewensqualitéit bedeit dobäi fir jiddereen eppes aneschters. Ech ginn iech en Beispill aus mengem Beruffsalldag: Stellt Iech eng Persoun fir, si kann net goen a setzt am Rollstull, si kann net schlécken a gëtt ernäert, si kann net schwätzen an notzt en anert Kommunikatiounsmëttel. Esou fleegebedierfteg Leit gi leider oft als eng „Usammlung vun Defiziter“ gesinn. Dir denkt iech vläicht „Esou wéilt ech net liewen!“.

Mä kuckt ee sech dat ganzt Bild un, de Betraffene mat all senge soziale Ressourcen, dann erkennt een eng Persoun, déi hire Partner mat Léift an d‘A kuckt an dobäi zimlech sécher eng besser Liewensqualitéit huet, wei eng Jet aner Leit.

D’Fuerschung ënnerstëtzt deen Androck: Eng gutt Gesondheet bedeit net automatesch eng gutt Liewensqualitéit. Méi wichteg schéngen déi perséinlech Wäerter dozou, wat eist Liewe liewenswäert mécht.

Si hunn och erausfonnt, dass d‘Prioritéite altersofhängeg sinn: Fir déi Jonk sinn et d‘Frënn, da kommen d‘Partnerschaft a Kanner, ab 40 gëtt d‘Aarbecht méi wichteg, duerno d‘Gesondheet an den Altruismus (am Géigesaz zum Egoismus) an zum Schluss d‘Spiritualitéit. Kuckt ee sech d’Liewensqualitéit an den ënnerschiddleche Phas un, gesäit een, dass dann, wann d‘Aarbecht am Mëttelpunkt steet, d‘Liewensqualitéit extrem ofhëlt, déi sougenannte Midlife-Crisis.

Musse mir wierklech esou laang waarden, fir dëst erauszefannen? Nee!

Mir missten eis méi aktiv mat der Endlechkeet vum Liewen ausernee setzen. Als Infirmière leieren ech dozou immens vill an de Gespréicher mat de Patiente.

Et klengt vläicht banal, mä mir huet nach ni eng Persoun, déi um Stierwe louch gesot „Ech wënscht, ech hätt méi Sue verdéngt!“ mä am Plaz gouf den Stolz bei Säit geluecht a joerzéngtelaang Sträit endlech ofgeschloss.

Wann Dir iech also net op eemol wëllt bewosst ginn, dass dier stierft an net gelieft hutt, da musst dier iech elo d‘Fro stellen, wei eng Saachen un ärem Liewen dir als Stierwende géingt bereien an net eréischt dann, wann dier näischt méi drun änner kennt!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.