Lieserbréif vum Roby ZennerSNCT : Dee leschte Coup vun der Regierung

D’Regierung ass just eppes méi ewéi ee Mount vereedegt, a schonn ass hir e Coup gelongen, dee wuel an der Geschicht vun eisem Land sengesgläiche sicht : iwwer Nuecht si mir gewuer ginn, dass d’ Kontroll an den SNCT-Statiounen am Land tëschent 39 a 44 Prozent gehéicht ginn. Wéi d’ Medien déi Nouvelle vun enger Onverschimmtheet ouni Moosse bekannt gemaach hunn, huet ee gemengt, sengen Oueren net ze trauen.

Dat ass eng Onverschimmtheet sengesgläichen, déi am ganze Finanz- a Wirtschaftssecteur hiresgläiche sicht. Vun elo u klëmmt den Tarif fir di technesch Kontroll fir en Auto mat Verbrennungs- oder Hybridmotor vu bis elo 38 op elo 52 Euro, eng Erhéijung vun 39 Prozent ( !!!).  Nach méi eng schlëmm Erhéijung gëtt et fir Motorrieder, fir déi elo 39 Euro bezuelt ginn, e Plus vu 44 Prozent.

Als Argument kréie mer agetriichtert, d’ Zil wier et, fir d’ Qualitéit vun den Déngschtleeschtungen ze verbesseren, wat dat och ëmmer heesche soll. Well wann d’ Bremse kontrolléiert ginn, da ginn d’ Bremse kontrolléiert, wat soll dann do dat Gerieds vun enger Verbesserung vun der Qualitéit. A wa kontrolléiert gëtt, ob d’ Luuchte ginn oder net ze héich schéngen, da gëtt dat souwisou vun engem Apparat iwwerholl, dat huet absolut näischt mat Qualitéit ze doen.

An dobäi ass di hei Regierung erëm eng Kéier ugetrueden, fir méi gerecht, méi sozial, méi familljefrëndlech virzegoen. Alles nëmme Gesabbels, fir de Leit Sand an d’ Aen ze streeën. Well wie gëtt mat dëser onverständlecher Erhéijung am meeschte gestrooft : natierlech erëm net de Minister, dee jo souwisou en Déngschtwon huet, mee dee klenge Mann, d’ Famille mat engem bescheidenen Akommes, déi op den Auto ugewise sinn, fir schaffen ze fueren an/oder hir Kanner bei de Sport oder an d’ Musek féieren. Wann et sech elo ëm eng Erhéijung vu 5 oder 10 Prozent gehandelt hätt, gutt, mee direkt ëm bal 50%, dat ass e Schlag an d’ Gesiicht, wéi mer bis elo nach keen erfuer hunn.

A schonn huet di hei Regierung duerch esou eng Moossnam e gudden Deel vun hirer Glafwierdegkeet agebéisst. Besonnesch de Staatsminister an d’ Familljeministesch sollen sech et also an Zukunft méi wéi gutt iwwerleeën, ob se weiderhin esou ongenéiert vu familljefrëndleche Moossname schwätzen.

Roby ZENNER


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.