Carte Blanche vum Robert GoebbelsD'Schietsäite vun der Elektro-Mobilitéit

Dozou eng Carte Blanche vum fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels.

Carte Blanche vum Robert Goebels



Bis 2020 sollen am Ländche 40.000 Elektromobiller fueren. Dat wënsche sech d'Ministere Bausch an Turmes. Dofir gëtt et eng Primm vun 5.000 € op Käschte vun den Steierzueler. Souguer fir Protzmobiller, déi iwwer 100.000 oder 150.000 € kaschten. Brauch een, dee sech esou deier Autoe leeschte kann, wierklech en Subsid?

Am Moment fueren eppes iwwer 1.000 Elektro-Autoen. Fir op 40.000 ze kommen, mussen nach 39.000 E-Mobiller subventionéiert ginn. 39.000 x 5.000 = 195 Milliounen €! Dat gëtt méi deier ewéi de gratis Transport.

Dobäi stellt sech ëmmer méi eraus, dass d'Elektro-Mobilitéit méi Problemer schafft, wéi se der léist.

Den Haaptproblem sinn d'Batterien, deenen hiren Ëmweltimpakt duerch d'Produktioun méi wéi problematesch ass. Den CO2-Bilan vun der Elektro-Mobilitéit gëtt doduerch net besser.

Virun allem mussen d'Batterien dauernd nei opgeluede ginn. Géife wierklech 40.000 E-Autoen zu Lëtzebuerg fueren, gëtt et gréisser Problemer mat der Stroumversuergung. En Elektroauto, dee ronn 15.000 km d'Joer fiert, brauch méi Stroum ewéi en normalen Haushalt am Joer verbraucht.

D'Ministere behaapten, iwwert d'Chargy-Statioune géif nëmmen erneierbare Stroum fléissen. Dat ass eng gréng Ligen.

De sougenannten erneierbare Stroum, deen zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, ass manner ewéi 10% vun eisem Konsum. De Rescht gëtt importéiert iwwer d'europäescht Verbond-Netz. A well d'Elektronen net no hirer Hierkonft gréng unzesträiche sinn, importéiere mir massiv Kuelen- a Nuklear-Stroum.

Och de spéidere Recyclage vun de Batterien ass net geléist. Trotzdeem soll d'Elektro-Mobilitéit forcéiert ginn. De Minister Bausch sot: "Kaaft keen Diesel méi."

Dobäi huet den Diesel e vill bessere Brennwäert ewéi de Bensin. Ee Liter Diesel stéisst manner CO2 aus ewéi een Liter Bensin.

D'Anti-Diesel-Campagne huet dozou geféiert, dass manner Diesel-Autoe kaaft ginn.

D'Resultat gesäit een an den offizielle Statistiken. Zënter enger Dose Jore sinn déi duerchschnëttlech CO2-Emissioune vun onsem Automobilpark gefall. Zenter zwee Joer steige se nees un. Well manner Diesel a méi Bensin verfuer gëtt. An d'Elektro-Mobilitéit näischt bréngt.

Ass dat déi gefeiert gréng Nohaltegkeets-Politik?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.