Carte Blanche vum Paul KremerÄschermëttwoch

Äsche solle mer ons haut op “das Haupt” streeën; Äschen, fir Bouss ze maan, dat mer sou domm gerode sinn. – Beispill: de Referendum, dee sougenannten Referendum zum Auslännerwahlrecht.

Een Unfug sonnergläichen, seet den ale Granzsak. – Wéi dat? – D’Halschecht vun de Leit, déi hei schaffen, si keng Lëtzebuerger. Si wëllen och keng sinn – kuckt, wéi se liewen, lauschtert, wéi se schwätzen, iwwerleet, wou a wéi si hiert gutt Geld hei, an net auswäerts, a scho guer net doheem, verdéngen. – Subsidiaresch erënnert iech drun, dat all déi léif Auslänner bei sech meeschtens net wiele ginn. – Deene mir lo – kréie mer vun onsen Hären oder Quotefraen nogeluet – d’Wahlrecht nogeheie sollen – nodeems se schonns déi duebel Nationalitéit zum Ausverkaafspräis nogeworf kruten. – Economesch, gesellschaftlech incl. reliéis, sportlech a kulturell Rechter hunn d’Auslänner hei souwisou. Där soug. “sozialer” och – ee wéi deen aneren. Just déi politesch nach net. – Politesch Rechter si Rechter, déi d’Bierger vun engem Land, déi zesummestinn an zesummenhalen, och wa se mol net méi zesumme gebuer goufen, hunn, bei sech a fir sech d’Zesummeliewen z’organiséieren, iwwer Chamber a Regierung, a wa méiglech eng kompetent Fonction publique. – Déi Rechter fir Net-Nationaler opzemaan, ass Onsënn an e Widdersproch. An der Definitioun vu Staat läit, dat et ee Vollek ass, dat entzwousch tëscht sengen geografeschen Grenzen, mat senger Sprooch a sengen Gewunneschten säin ierdescht Liewen an z.d. en anert wëllt regelen, iwwer Gesetzer, déi et majoritär guttheescht. E Friemen dora fummelen ze loossen, hieft d’Staatswiesen op. D’Geschicht vu fréier an d’Geschicht vun haut weist, dat dat zu Remmi-Demmi féiert: Völker mat verschiddene Sproochen hu scho Méi genuch – wéi ons belsch Noperen – fir weiderhin zesummen ze bleiwen.

Stellt iech vir: eng francophone Majoritéit oder Majoritéitsbeschafer léisst e Gesetz stëmmen, dat Lëtzebuergesch an/oder däitsch aus Schoul a Verwaltung kann, dierf oder soll verschwannen! Stellt iech vir, landesfriem Majoritéiten oder Majoritéitsbeschafer kréie Sonner-Regelungen zugonschten vu sech, de léiwen Auslänner, durchgeboxt! – Vox clamantis in deserto: wien héiert meng Stëmm an der Wüst vun der Gutmënschlechkeet – Guttheet ass bekanntlech e Stéck vun der Dommheet – wou eng monoton Propaganda ronderëm d’Auer Stëmmung fir sou een Auslännerwahlrecht mécht. – Kommt mir streeën eis Äschen op ons Bëlz an zemol wa mer un eis Fonction publique denken...


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.