Lieserbréif vum Carine NickelsInclusioun, Integratioun oder just Diskriminatioun?

Dëse Lieserbréif behandelt en Thema, wat der Autorin, déi zanter engem Accident am Rollstull sëtzt a gelähmt ass, um Häerz leit.

Et liest ee vill iwwer Inclusioun an Integratioun. Et gett driwwer geschwat, munchmol gestridden soulaang den Artikel an der Zeitung oder Online ass. Et gett genee sou séier erem vergiess!

Mee wéi ass dat fir déi die Betraff sin? Wéi gesinn déi Leit dat déi enger Minoritéit ugehéieren?
Eng vun den Minoritéiten sin, Leit mat Behënnerung zu deenen ech, duerch en Autosaccident 2012, och gehéieren. Ech setzen zënter deem am Rollstull, vun der Broscht un gelaehmt. Dat bréngt mat sech, dass ech, ewéi och honnerte vun aner Leit hei am Land, ob Hëllef ugewisen sinn. Ech schwetzen do nët vun finanzieller Hëllef! Nee! Ech schwetzen do vun mënschlecher Hëllef.
Ech wunnen an engem Foyer well do ëmmer een ass. Aleng kann ech nët an oder aus dem Bett. Mech waeschen an undoen scho guer nët. Dat heescht awer nach laang nët dass ech kee Liewen méi hunn.

Esou wéi all Foussgänger gin ech gären akafen an wéi all Erwuessenen och mol aleng. Lo si mir beim Thema Inklusioun ukomm. Ech kommen nët iwwerall eran. Oft hu Geschaefter  bei der Agangsdier Trapen. D’Trottoirs sënn oft ze héisch, Restaurants ze eng, bref et ass nach laang nët einfach. Aus dem Grond gin ech nawell gär an d'Belle-Etoile. An nët nëmmen ech.
Wann dir mol akafen gitt, kuckt ronderëm, maacht d’Aen op, richtech op. Mir sin ganz vill jonk Rollstullfuerer. An mir sin ganz oft aleng ennerwee. Autonomie gët grouss geschriwen. Mir si schliesslech Erwuessen. Normal, oder?
Anscheinend nët!

Ech hunn eng Sonde fir Waasser ze loossen, well ech selbstaenneg nët op Toilette kann. E Mëttwoch war ech an d’Belle-Etoile, Chrëschtcadoe kafen. Wann ech sou ënnerwee sin, drénken ech ëmmer ganz wéineg fier dass meng Urinposch ët aushällt bis dass ech erëm doheem sinn. Schliesslech geet keen vun eis akafen fir op d’Toilette ze goën.

Leider ass mäi Plang wéineg ze drenken nët opgaangen an meng Posch war um 16h méi wéi voll. Ech hat keng aner Wahl ewéi an d’Info ze goën an no Hëllef ze froën. Peinlech genuch.

An der Info hunn ech du gefrot ob si een ruffen kéinten, ech weess dass si do Secouristen hunn. Äntwert war: mir sinn nët dofir zoustaenneg.

Dat ass mir scho kloer, duerfir hunn ech jo gefrot dass si een ruffen. Dat sot ech dunn och der Madame. An erëm krut ech als Äntwert si wieren nët zoustänneg. Zéng ganzer Minutten huet et gedauert bis dass déi Damm hier Responsable geruff huet.
Ech hunn du geduecht, gutt elo komme mir villäicht weider. Mee nee! Do héieren ech wéi d’Responsabel seet: "Mussen déi dann och eleng ënnerwee sinn?", dréit sech zu mir a freet:"Wou ass aer Begleetpersoun?" ouni moien, naicht.
Et ass jo wouer, wéi konnt ech, verreckte Behënnerten, och nëmme mengen ech kéint aleng eraus, ouni "Lengt"?? Jiddefalls sin ech mir dee Moment sou firkomm. En Hond ouni Lengt dee vernannt gët. Schlëmmer ewéi behënnert sin ass esou behandelt ze ginn.

Ech hunn d’Fra gekuckt: "Pardon? Ech sinn eleng hei!!" Hier Äntwert... Goldwert:"Eleng? Dat geet nët!!"
Hu si gefrot wéi si sech dat virstellt. Ob ech elo an engem Zëmmer agespaart misst bleiwen nemme well ech gelähmt sinn?
Hier Äntwert:"Wann dir eleng wëllt kommen muss dir och eens ginn, fir op Toilette!" an dreit mir de Réck.
Dir kënnt iech villäicht virstellen wéi ech mir virkomm sinn. Diskriminéierung pur!

Natierlech hunn ech mech dunn opgereegt, natierlech si mir du opgefall an natierlech hunn d’Leit gekuckt.

Du hat déi Fra keng aner Méiglechkeet ewéi d’Direktioun ze ruffen.

Puer Minutten drop koum dunn och den Haer P., deen d’Gerance huet.

Schlussendlech ass hie mat enger Secouristin, déi dunn och geruff ginn ass, mat mir an d’Infirmerie. Hien ass och deen, deen dunn meng Posch geleert huet. Do soën ech: Chapeau bas, Haer P. dier sidd 100pro mam gudde Beispill virgaangen! Hat och en interessant Gespréich mat dem Haer deen mir versechert huet e géif déi Problematik zumindenst uschwetzen.

Am ganzen huet et 45 min gedauert fir dass een mir hëlleft.

Souvill zur Inclusioun vu Minoritéiten oder hunn ech eppes falsch verstanen?

Carine Nickels

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.